Déi 10 Geboter waren eemol d’Groundlag vun der Gesellschaft. Och fir "d’Nitkierchegänger". Haut wëssen der vill nit méi vill vun deene Geboter, mengen ech. Mierkt ee besonnesch un deem 8: … du solls nit léien.
Do gëtt all Trick benotzt, all Lach gesicht, duerch dat ee mat senger Ligen derduerch wësche kann, déi mer dann och nach esou fantasievoll wéi méiglech positiv benennen. Eng Noutligen, eng sozial Ligen, eng Héiflechkeetsligen, eng Verleeënheetsligen. Mee dat Wuert “Ligen” ass awer ëmmer nach dran. Obwuel der vill dat nit méi esou richteg matkréien, wéi et schéngt.
Psychologen a Kommunikatiounsfuerscher behaapten, mer géinge bis 200x den Dag léien, an dat obwuel léie jo eigentlech Schwéierstaarbecht fir eist Gehir ass. Wat ee jo do Saache muss verhalen.
T’kann ee léie mat Zuelen, Trends mat Prozentbeweiser, déi eis manipuléieren, also, iergendwéi och beléien. An trotzdem fonctionnéiert eis Gesellschaft, an déi meescht sinn emol nit onglécklech.
T’ass nit esou einfach mat der Wourecht. T’gëtt jo och d’hallef Wourecht. De Misär ass deen, dass een ëmmer déi falsch Wourecht gleeft.
Oder d’Onwourecht, - dat ass, wann d’Ausso nit korrekt ass, déi ee seet, well ee sech nit sécher ass, ob se stëmmt oder eppes vläicht falsch opgeholl huet.
An der Politik, an der Publicitéit, am Handel gëtt een direkt belunn, do gëtt inoffiziell, oder esouguer offiziell, mat Ligen an Täuschunge geschafft.
Eppes méi schéin, oder besser maachen, wéi et a Wierklechkeet ass, Iwwerdreiwung, Taktgefill, Diplomatie, … ass alles toleréiert, t’sinn awer eigentlech och Ligen, wann een et richteg hëlt.
Gelunn gouf nach ëmmer. Scho vu viru Christus staamt dee Saz, dee mer all kennen vum Marcus Tullius Cicero: « Einem Lügner glaubt man nicht, und wenn er doch die Wahrheit spricht ».
« A ween der seet, en hätt nach ni gelunn, deem géing ech nit trauen », dat sot de Wilhelm Busch.
A wa mer all léien, da geet et jo awer iergendwéi nawell zimlech éierlech erof, oder nit?
Jo, … a wann Der dat hei alles nit gleeft, dann zielen ech Iech d’nächst Kéier eng aner!

AUDIO: Apropos "Haut scho gelunn?"