Wien et ass, weess keen! Op mannst net offiziell. Wien e kennt, kennt en elo bestëmmt nach besser, wéi en e virdru kannt huet. Kann e bestëmmt och vill besser ausstoen elo, zielt e bestëmmt zu senge Frënn. Well sou soen se jo: hues de Geld, hues de op eemol vill Frënn! Den Jackpot ass och Thema am Apropos vun haut, Christiane Kremer.

Jo iwwer de groussen Onbekannten, deen den Jackpot d'lescht Woch geknackt huet a fir 4 Euro Asaz 65 Milliounen dergéint krut, ass scho vill erzielt a spekuléiert ginn. An nieft der Fro, wien dee Glécklechen ass; koum grad sou dacks d'Fro: wat mécht dee Mann oder déi Fra dann elo mat 65 Milliounen Euro?

A well een hien/si onbekannterweis jo net froe kann, freet ee sech da selwer: Wat géif ech mat 65 Milliounen Euro maachen?

Gell, Dir hutt et och gemaach! An, sidd Der net erschreckt, wéi Der probéiert hutt, Iech déi Zomm virzestellen?

Sidd der beim Opziele vun der Weltrees iwwert en Haus kafen, Scholde bezuelen, de Kanner eppes ginn, eppes spenden, eventuell souguer den Job un den Nol hänken- net och op eemol séier um Enn gewiescht an Dir hutt iech an Ärer Mëllechmeederchesrechnung geduecht: Hunn ech dann elo alles ausginn? A wann net, wat kann ech dann nach maachen? A wou leeën ech déi Suen dann am beschten un? Muss ech elo net oppassen, datt ech mech net verspekuléieren oder datt ech vun aneren op d'A gedréckt ginn?

Jo, sou 65 Mio € bréngen iergendwéi och Gedanke mat sech- an dat nennt een da gäre Luxusproblemer.

Luxusproblem oder soueren op héijem Niveau. Et muss mol net ëm Milliounen Euro goen, mä vill ze vill dacks reege mer eis op a maachen eis Gedanken iwwer Situatiounen, Decisiounen, Belanglosegkeeten- wéi e Stau, e verluerene Match oder eng Téitsch am Auto- déi deen Opwand net ëmmer rechtfertegen an dacks just Energie verbëtzen, déi mer fir aner Momenter am Liewe besser kéinten asetzen.

Wéi erfrëschend, wann dann een opdaucht, deen näischt mat allem ze dinn huet a just lakonesch seet: Et ass dach just en Auto!

Wupps, ass ee sech bewosst, wéi kënschtlech an iwwerflësseg déi ganz Opreegung war!

Iwwregens ech hat och aus Spaass mer sou meng Gedanken iwwer 65 Mio € gemaach an hunn de Betrag emol einfach gegoogelt.

Nieft dem Jackpot zu Lëtzebuerg, war och eng vun den Äntwerten am Internet déi hei: EU spent 65 Mio € fir Flüchtlingen a Syrien.

Wupps, war ech mer bewosst, wéi kënschtlech an iwwerflësseg déi ganz Opreegung dach ass!

AUDIO: 08/10/2013 Apropos "Luxusproblemer"