Keng Etikett!

Apropos, sidd dir och geplot mat Saachen, déi iech onendlech op de Geescht ginn? De Fernand Mathes huet esou eng Laus op der Liewer sëtzen (oder pechen) … eng déi e richteg nervt!
An dat scho jorelaang an et gëtt ëmmer méi schlëmm. Ech weess net, wéi mer bis Haut konnten iwwerliewen ouni Etikett. Net d'Etikett am Sënn vun „sech de Regelen no behuelen“, nee wéi konnte mer de Wee vun de Beem erof iwwerhaapt fannen ouni dat op Schratt an Tratt een Etiketten op alles gepecht huet. Ech ka mech nach un Zäiten erënneren, do konnt een z. B. An enger Quincaillerie, Schrauwen, Scharnéiren, Geschir, Haushaltsartikelen oder Kaddoe kafen ouni Präisetikett drop. Wéi wor dat méiglech? Wisou ass deemools dee ganze Secteur net an de Koup gefall? De Konsument wor hëlleflos ausgeliwwert am Dschungel vun all deenen Artikelen ouni eekleg Etikett drop an, stellt iech mol fir, en ass nach mat engem Vendeur an d' Gespréich komm. Ech ginn zou, ech iwwerdreiwen elo, ma ech verdroen et einfach net méi, iwwerall pecht eppes drop, a wa méiglech esou fest, datt s de der d' Neel bal bréchs' fir se erof ze krazen. Ech hunn antëscht ee ganzt Arsenal u Produits en doheem, fir …..Etiketten ofzemaachen.... ech ginn et jo zou, ech leiden un enger Phobie, ma ech sinn iwwerzeegt, ech sinn net den Eenzegen! Dat huet jo bestëmmt alles seng Ursaach a säi Sënn och wann ech en net agesinn, ma ech mengen dach datt et am elektroneschen Zäitalter misst Alternative gi fir déi Pechpescht an de Grëff ze kréien.
Am Meeschte reegt et mech op wann ech am Supermarché, duerch den Uebstrayon ginn, keen Apel, keng Banann, kee Kiwi ouni Abzebild am Léifsten der nach 2, eent fir d' Marque an eent fir de Präis. Ech waarden nach drop, datt all eenzel Kiischt oder all Grôn vun enger Drauf bepecht gëtt. De Wahnsinn kennt keng Grenzen.
Stellt ech fir, ech wor des Läscht op de Maart an ech hunn eng Tut Äppel kaf, ouni Pechbiller drop, Sakrileg... ma ech soen iech, si woren 100 mol besser wéi déi fine-getunte Marketing-Äppel mat Sticker!