Merci fir deen Tipp!

Wat gitt dir dann esou an der Moyenne? Kënnt drop un wéi zefridden der sidd? Drénkgeld soll ee ginn, et ass awer keng Musse-Saach. Apropos Gibbes Bertolo
A wat gi mer deem dann elo? 2 Euro? Geet dat duer? E war jo awer ganz fein an opmierksam, allez: 3 Euro. Oder ass dat ze vill?
Geleeënheete fir Drénkgeld ze ginn (oder och net) a fir sech déi respektiv Fro vun der Quantitéit ze stellen (oder och net) ginn et op Schratt an Tratt. Am Restaurant, am Bistro, beim Coiffeur, dem Taxichauffer oder dem Zëmmermeedchen. Firwat eigentlech net och dem Metzler oder Bäcker? Oder der Stewardess? An iwwerhaapt: Kéint een net och mol zu där léiwer Joffer an der Supermarchés-Kees soen, se soll dach einfach mol opronnen? Well u sech profitéieren ech vun all deene Servicer genee sou wéi vun deene virdru-genannten. Oder anescht gekuckt: de Garçon gëtt jo vu sengem Patron grad sou fir d'Zerwéiere vu mengem Humpe bezuelt wéi d'Caissière fir d'Scanne vu menge Jughurten. An zu de Groussverdénger gehéiert sécherlech kee vu béiden. Firwat also hei en Ënnerscheed maachen? Firwat net een ewéi deen anere behandelen?
Apropos: a Japan ass et eng Selbstverständlechkeet, datt de perfekte Service net mat Suen honoréiert muss ginn. E Merci oder e léift Laache geet am Prinzip duer. An Amerika dogéint ass d'Drénkgeld, den "tip", e feste Bestanddeel vun der Pai, 15-20 % sollten et scho sinn. Oder d'Ouvreuse an de franséische Kinoen an Theateren, déi fréier mol exklusiv vum "pourboire" gelieft huet. Tjo, esou huet quasi all Land oder Kontinent seng eegen Traditiounen a Regelen. A soulaang et engem beim Drénkgeld net drëms geet fir dat lästegt Geräbbels am Portmonni op galant Manéier lass ze ginn, ass och keng plausibel Ursaach do fir iergendeppes drun ze änneren. An deem Kontext hunn ech ëmmer nach d'Bild vun engem Landsmann virun Aen, dee viru Joere mol an engem Restaurant a Kalifornien de Culot hat, mat sengem Rescht Nickelen a Pennien um Dësch e klengen Tiermchen ze bauen.
Do ass mer dann dee Mann aus dem Oregon dach méi sympathesch. Deen hat leschte Weekend senger Serveuse am Plaz vun Dollaren zwee Lotterislousen an de Grapp gedréckt. Ee vun dësen "Tippschäiner" war knapp 13.000 Euro wäert. Do hat een et wuel onbewosst ze gutt gemengt ...
