Wann ee verschiddene Leit am Walkampf nogelauschtert huet, dann hätten ee kënne mengen, et hätt ee sech an d'Beruffsschoul fir Mecaniciene veriert. Do goung et ëm Schrauwen un deene muss gedréit ginn, an ech duecht mer ëmmer, ma da fänk mol u bei dir, well do schéngt eng lass ze sinn. A lo ass et sou wäit, de Wieler huet geschwat, mee net vill gesot, lo geet et hinne mam Resultat wéi eis mat hire Programmer, et muss analyséiert ginn. A Conclusioune gezu ginn. An anere Wieder: mir kënnen eis nach op kéipweis Floskelen astellen.

Heiansdo froen ech mech ob der do net puer dobäi sinn, déi ënnertenaner ee Bullshit Challenge lafen hunn. Anescht wéi beim beschtbekannte Bullshit- oder Buzzword- Bingo geet et hei net drëm Stéchwierder ze zielen, mä der ze plazéieren. Dat fënnt een awer net nëmmen an der Politik. D'Saengeboys zum Beispill, déi berühmte Lëtzebuerger Boyband vu virun e puer Joer, huet kee Song erausbruecht, ouni d'Textzeil „Tréin am Gesiicht“. Wat awer nëmmen déi wéinegst wëssen, dat ass, dass hire Manager sech et zum Prinzip gemaach hat, an all Meeting an Treffe mat de Plackefirmaen dee Saz och ënnerzebréngen. Ech fir mäin Deel huele viru langweilege Reuniounen och gär sou een Challenge un, mir sichen eis dann nom Zoufallsprinzip e puer Wieder, a jiddereen dee matmécht beim Spill, muss kucke säint plazéiert ze kréien, soss huet e verluer a muss ee Patt ginn. Fonctionnéieren politesch Table-Ronden net nom selwechte Prinzip? Et ass keng grouss Erausfuerderung bei Wieder wéi Aarbechtslosegkeet, Auto oder Finanzen. Wann et awer drëm geet Maschendrahtzaun, Rentenajustement oder Skarabäus ze plazéieren, gëtt et scho méi spannend. A viru versammelter Equipe samt Chef an enger Reunioun iwwert een informatesche Problem d'Wuert Schal ënnerzebréngen, dat ass schonns fir eng Tréin an d'Gesiicht ze kréien.

A well d'Jungs an d'Meedercher, déi demnächst un engem Regierungsprogramm bastele mussen och net ëmmer serieux kënne bleiwen, géif et mech net wonneren, wann och si ënnerteneen Bullshit Challenge spille géifen, an hei an do e puer Wuert probéieren ënner ze kréien, déi eigentlech just dann Sënn erginn, wann ee weess, wat fir ee Spill do gespillt gëtt. Mä ass dat an der Politik souwisou net ëmmer sou?