Elle Welt am Institut

Et ass eng elle Welt. Mat ellene Leit. Besonnesch zu Lëtzebuerg. Där Meenung kéint een op alle Fall sinn, wann ee gesäit, wéi vill där Schéinheetsbuden et bei eis ewell gëtt. Wien e bëssen oppasst, gesäit op all Eck ee Salon de beauté, oder „Institüt“, wéi sech déi Dénger nennen. An ech froe mech, op dat net e bëssen iwwerdriwwen ass. En Institut, dat ass dach eigentlech eng ëffentlech Ariichtung déi sech mat Educatioun a Fuerschung beschäftegt. Gutt, eng Bank gëtt och alt mol ee Finanzinstitut genannt, mä ee Supermarché nach laang net Liewesmëttelinstitut, een Zeitungsbuttek net Informatiounsinstitut an d'Miss Minit huet och kee Schong- a Schlësselinstitut.
Mä vläicht däerfen d'Schéinheetsbuden sech jo dofir Institut nennen, well se awer iergendwou ënner d'Fuerschungsariichtunge falen, well hei ëmmer rëm nei definéiert gëtt firwat Leit sech méi elle fanne wéi se sinn, a wéi eng nei innovativ Crèmchen dogéint hëllefe kéint. An et gëtt Saachen … Bulli aus dem doudege Mier, Algen aus biologeschem Ubau oder och nach eng Mask mat Klärschlamm vu Cattenom, fir eng strahlend jonk Haut.
Ganz am Trend läit och momentan d’Fish Pédicure. Do stécht ee seng Féiss dann an en Aquarium mat klenge Fësch, déi engem d’Haut uknabberen, … wahrscheinlech ernähren se sech an der Natur vu Kéis, a sinn dofir vum Geroch ugezunn. Ech froe mech, firwat domadder eigentlech nëmmen d'Féiss traitéiert ginn ... Firwat sech net direkt ganz an eng Bidde leeën, wann et sou gutt fir d’Haut ass ? A firwat dann eigentlech net direkt an een Tank mat Piraniane, fir net nëmmen déi ofgewetzten Hautschichten mee direkt och de Rescht vum iwwerflëssege Speck ewech ze botzen ? Vläicht hätten d'Déiereschützer ee Problem domadder.
Verschidde vun deenen Instituten sëtzen souwisou éischter op deier Maschinerie, déi ausgesäit, wéi wann se aus der Requisite vun engem Science Fiction Film komme géif. Déi ginn da Strahlen a Wellen, a Pulser a Stroumschléi of, déi géint Cellulite hëllefen, d'Faale strecken, an d'Endorphiner réieren, bis de Placebo-Effekt asetzt. Richteg Schéinheet kennt bekanntlech vu bannen. Jidderee bei deem se de Wee nach net no bausse fonnt huet wäert dat bestätegen.