Si Sportler déi besser Politiker? Sou nonchalant kann een d'Fro wuel net stellen. Scho guer net e puer Deeg vrun de Walen, bei deene jo och e puer fréier Spëtzesportler fir eng Plaz an der Chamber kandidéieren. Mä dorëms geet et am Apropos vum Christiane Kremer haut och net.

Nee, et geet guer net ëm d'Wahlen a guer net ëm Lëtzebuerg. Allze wäit féiert de Wee eis awer net, just bis an eist Nopeschland Belsch. Dat wat do den Ament geschitt, huet ee scho laang net méi an deem Mooss gespuert a gesinn. Do steet tatsächlech ee Land, dat soss meeschtens oneens ass, geschlossen a wéi ee Mann hannert 11 Männer. Oder soe mer emol hannert enger Equipe vu jonke Futtballspiller, déi dat fäerdeg bruecht hunn, wat d'Politiker vun deem Land scho laang quasi ëmsoss probéieren. Nämlech datt all d'Belsch, wa schonn net an enger Sprooch, dann awer mat enger Stëmm hir Equipe ufeieren. Lëschte Mëttwoch hu se gewénkt, wéi déi belsch Fussballnationalequipe Richtung Kroatien geflunn ass, e Samschdeg stoungen se zu Dausende Spaléier, wéi se mat dem WM-Ticket aus Kroatien erëmkomm ass. An e Sonndeg hunn Dausende vu begeeschterte Supporter um Stadion nogekuckt, wéi hir jonk Staren trainéiert hunn.

Den Owend dierft et dann nach emol en emotionalen Héichpunkt ginn, wann d'Belsch géint Wales de leschte Match vun der Campagne spillt a wann se dee gewannen oder gläichspillen, dann hu se keen ee Match verluer. Dat ass grad sou gutt, wéi hir zwee Nopeschlänner an éiweg Konkurrenten an deem Sport: Holland an Däitschland. An dach ass et ganz anescht: zënter 2002 waren d'Belsch bei kenger Weltmeeschterschaft derbäi, hunn sech dogéint doheem mat anere Rekorder en éischter schlechten Image gemaach: keen anert Land op der Welt hat sou laang keng Regierung wéi eis Noperen aus dem Westen.

Méi déi 540 Deeg ouni Chef si vergiess, lo ass alles belsch. Déi jonk Spiller sinn zum groussen Deel an der Belsch opgewuess, déi meescht hunn aner Originnen an dach sinn se lo den Houfert vun enger ganzer Natioun, wann een dat fir eemol esou soen duerf. Um Terrain an op de Gradinen verstinn se sech blann. Freed a Begeeschterung klénge wuel an all Sprooch d'selwecht.

Agelaut gëtt de Match den Owend mat engem Optrëtt vum Sänger a Rapper Stromaé- och e jonke Mann mat belsch-ruandeschem Blutt an den Oderen. „Alors on danse“ passend fir d'WM a Brasilien wuel Samba. An hoffentlech danzen se och duerno nach laang zesummen d'Flamen an d'Wallounen: als Belsch.

AUDIO: 15/10/2013 Apropos "Sport a Politik"