"Bei gréng rullt et" an awer musse mer "eist Land viru bréngen". Fir déi eng heescht dat, vun der nächster Woch un alles "zesummen" ze maachen: "zesummen entscheeden, wunnen a schaffen", fir schlussendlech "zesummen ze gewannen". Ass dat geschitt, bleift just nach ze klären, wie mat mir gemengt ass - well "mir loosse" jo "kee falen" - wat Gewënner net ëmmer sou einfach fält, op mannst historesch gesinn.

Op enger anerer Plaz heescht et, "Lëtzebuerg brauch en Neiufank" – wou d'Ländche soll "fit gemaach gi fir d'Zukunft". Méi konkret sollen "Gerechtegkeet, den Index souwéi de Kampf fir all Aarbechtsplaz" "Loscht op muer" maachen. E "muer", wou "Kierch a Staat kloer getrennt sinn a wunne kee Luxus dierf sinn".

Vläicht sicht Der awer och just "besser Léisunge fir eist Land", wou een duerch eng  "besser Betreiung fir eis Kanner" och erëm "besser Chancen op eng Aarbecht" hätt a wou nieft "bezuelbare Wunnengen" och nach "eng besser Schoul fir eis Kanner" soll eraussprangen.

Oder wëllt Der "méi Verantwortung" - nom Motto "meng Ëmwelt, mäi Liewen"? Wou e "frësche Wand an d'Politik soll kommen" fir méi staark Biergerrechter an eng "gesond Economie"?

Wiem dat alles net wäit genuch geet, dee kann e ganz neie Wee goen, an de System einfach frësch starten. E "reboot" mat engem "Grondakommes", wou de Staat amplaz vum Bierger soll transparent ginn, a wou matbestëmmen erëm Spaass soll maachen - net wéi beim "Mësstrauensvote", iwwer deen "einfach net ofgestëmmt" gouf.

Et geet awer och ganz kuerz: "éierlech, sozial, lëtzebuergesch", nodeems alles "integral vu ville Säiten eng Iddi méi wäit" geduecht gouf - an natierlech am beschten "elo" ëmgesat gëtt.

Sou dreeme mer wuel all vun engem "moderne Staat mat enger dynamescher Wirtschaft an enger fairer Gesellschaft". A fir all dës "fair & stabil" Wënsch brauch en "Loscht op muer", och wann deen een oder aneren dann awer heemlech vu fréier dreemt. A sollt der Iech nom 20. Oktober froen, wien d'Resultat soll gewielt hunn, dann denkt drun: "Et kann net kee gewiescht sinn!"