Ech gi mengem Hound all Dag e bëssi Zäit a Léift, an hie gëtt mer dofir alles, wat en ze bidden huet. Fir mech eigentlech e gutt Geschäft, an hien, och - hien denkt just nit do driwwer no, mengen ech emol.
Op alle Fall si mer all Dag am Bësch. Also an deem richtege Bësch. An all Dag déi selwecht Ritualer. Mer trëppelen, hie schnoffelt, mer spillen, an all Dag bréngt e mer Knëppelen, natierlech och fir dermat ze spillen. Eemol rappe mer zu zwee drun, well en e nit wëllt hierginn, eemol muss ech him e schéissen, an hie geet e sichen. All Dag déi selwecht Freed, t’gëtt em ni langweileg. Begeeschtert, frou wéi e Geck mat all Knëppel, deen e fënnt, a permanent anerer.
Elo kéint ee soen: E Knëppel ass e Knëppel. Mee Moien och! Ween dat behaapt, kennt näischt vu Knëppelen. Et ginn der vun allen Zorten, ... esou wéi bei eis Méinschen och:
’t gi kuerzer a laanger, décker an dënner, riichter a krommer.
’t ginn der, déi si schmiereg a schläimeg, déi packt ee nit gär un
’t ginn der, déi si verdréchent.
’t ginn der, déi kann ee béien an all Richtung,
anerer si beim klengsten Drock gebrach.
Ooh, 't ginn der, dat sinn onbequemer, déi der wéi dinn, mat Picken drun.
’t ginn der, déi gings am léifsten direkt ewechgeheien, vermuuscht, déi mëffelen.
’t ginn der, déi si bannen dran huel.
’t gi falscher, ... d’lescht hate e mer eng déck Där bruecht, ... autsch.
Wéi gesot, t’ginn der vun allen Zorten. T’kéint ee bal soen, Knëppele wéi’s du an ech.

AUDIO: 17/10/2013 Apropos "Knëppelen"