Kloen

An? Och schonn haut geklot? Iergendeppes fanne mer dach ëmmer. Firwat fille mer eis ëmmer iergendwéi schlecht, obwuel mer et dach awer an der Regel relativ gutt hunn mat all deene Méiglechkeeten, vun deenen eis Virfahren nëmmen dreeme kounten.
Liewesstil-Wielméiglechkeeten schwirren nëmmen esou ëm eis erëm. Mer kréie just nit mat, dass mer d’Fräiheet vun der Wiel hunn. Mer kréien esou vill ugebueden, dass d’Kreativitéit d’Baach ageet. Mer ginn ëmmer iergendwouhin, mee mer si ni anzwousch. Esoubal mer eppes gewielt hunn, fänkt et un ze drécken, well näischt esou richteg passt. Mer gi verfouert, dass mer glécklech ginn, esoubal mer eis op eng gewëss Aart a Weis verhalen, e bestëmmte Liewensstil liewen, alles dat kafen, dat derzou gehéiert.
Iwwerall a permanent joe mer hannert dem Gléck hier, wéi wann een dat misst afänken a festneelen. Mee dat wëllt dat guer nit. Dat brauch Zäit, Raum. 't muss ee sech iwwerrasche loossen.
Vru kuerzem war ech op der Schueberfouer. ’t huet gereent a mer haten eis an esou eng Bud verzunn. D’Stëmmung war... wéi d’Wieder. Roueg, langweileg, eescht. ’t huet een alt déi gekuckt, déi bausse laascht gungen.
An dunn – op eemol – koum e Hound, e groussen, en anstännegen, an du huet deen do matten op d’Kräizung ee gedréckt. Och e groussen, en anstännegen. An du gouf et amüsant an opreegend.
Ee nom aneren ass ... laascht getrëppelt, verschiddener awer esou just. An d’Luucht gekuckt an dee leschte Schrack no lénks gemeet. Déi Traueregkeet, déi Langweil, déi Rou an der Bud ware verflunn. ’t gouf matenee geschwat, 't gouf sech ugelaacht, déi Virstellung matenee genoss, diskutéiert, philosophesch Gedanke sinn esouguer opkoum.
Iergendeemol ass natierlech och een an d’Sauerei getrëppelt. Mee dat war nit méi esou wichteg. 't war e flotte Nomëtteg, fir vill vun eis e puer glécklech Momenter esouguer, ervirgeruff duerch ... en Hondsdreck, mat deem kee gerechent hat. Wéi gesot, ’t muss ee sech iwwerrasche loossen. An 't muss nit vill sinn!