Jäitzen

Op de Salomoninselen am südleche Pazifik hu s’eng gelunge Method entwéckelt, Beem ëmzegeheien. Wann e Bam ze grouss ass, fir mat der Aaxt ëmgeluecht ze ginn, da gëtt en duerch haart Jäizen zu Fall bruecht (ech fannen deen Artikel nit méi, wou ech et gelies hunn, mä ech si sécher, dass...) op alle Fall, déi Bëschbewunner, déi déi besonnesch Kräften do hunn, klotere mueres op e Bam a fänken un ze jäizen, ze birelen, ze blären. 30 Deeg laang! De Bam stierft dann a fält ëm. Jo, esou stoung dat do.
Naiv, déi Leit, oder? Fir net ze soen, wéi domm sinn déi dann do, déi Agebueren op de Salomoninselen? Nach ni eppes vu Wëssenschaft a modern Technologie héieren?
Kënne mer eis hei net virstellen. Oder? Obwuel, - ... mer... jäizen de Partner un, wann dee nit fonctionnéiert, wéi mer et gär hätten, oder eis Kanner, well se Kanner sinn, oder den Hond, d’Kaz. Déi hunn zwar guer keng Ahnung, firwat, mä egal.
Oder deen am Auto virdrun, oder hannendrun, obwuel deen eis emol nit héiert. Oder all déi virdrun, déi de Stau man. Obwuel déi mol nit wëssen, dass mer do resp. hannendru sinn. Oder den Himmel, wann en zënter wéi laang scho gro ass an eis d’Sonn verstoppt a Ree bréngt. Ass deem iwwregens pupegal. Oder iwwert den Arbitter, dee päift zwar duerno och nit besser. Oder mam Hummer, well en – zwar de Nol geroden huet, awer dee falschen, dee vum Domm. Oder de Fernseh, wann en nit geet, oder d’Méimaschinn, wa kee Bensin dran ass.
Awer Beem ujäizen, fir dass s’ëmfalen, nee, hey, nee! Dat maache mer modern, kultivéiert, anstänneg erzunne Mënschen awer nit. Esou domm si mer jo dann awer net, oder net? Oder?