Déi, déi nach en Ticket kruten, konnten sech glécklech schätzen. Obwuel dat keng Garantie fir de volle Genoss war. Apropos, Gibbes Bertolo:

Leschte Freide war de Bruno Mars an der Rockhal. De Concert war ausverkaf, eng logesch Konsequenz vum Hawaiianer sengem momentane Succès, deem wuel den 2. Februar d'nächst Joer d'Kroun opgesat gëtt, wann de Museker an der Paus vum Super Bowl optrëtt a viru weltwäit iwwert enger hallwer Milliard Mënschen dierf sangen. Op Belval waren et der zwar manner, mä déi, déi do waren, koume voll a ganz op hir Käschten.

Ech muss zouginn, datt ech am Fong geholl éischter onfräiwëlleg beim Spektakel dobäi war, ech war u sech Begleetpersoun vu mengem Meedchen, fir dat de Concert e Gebuerstdagskaddo war, säin 1. Live-Concert iwwerhaapt - mir waren dowéinst och allebéid eng Grimmel ugespaant, wat sech am Laf vum Owend awer séier gelabbert huet.

Well ech selwer och scho laang net méi op engem méi grousse Concert war, ass mer déi eng oder aner Saach dach opgefall, fir net ze soen: bosseg virkomm. Ech weess net wéi vill Leit den hallwen Owend domadder verbruet hunn, alles mat hirem Smartphone festzehalen. Bei där ganz jonker Generatioun kann ech dat jo iergendwéi novollzéien, och wann et mer wuel e Rätsel bleift wéi een op dës Manéier d'Show genéisse kann. Mä et ass natierlech cool a mega, wann een den Dag drop senge Frënn, deenen um Schoulhaff an deenen um Spaweck, de Clip vum Event kann ënnert d'Nues halen.

Mir sinn awer och e puer där méi Grousser, fir net ze soen Erwuessener an d'A gesprongen, déi ewéi ugewuerzelt a quasi ouni Emotioun do stoungen a sech, vollkonzentréiert, dem Bruno seng Performance mat hirem klenge cleveren Apparat agefaangen hunn. Opnahme fir d'Éiwegkeet, vläit fir hire Kanner oder Enkelkanner enges Daags de Beweis kënnen ze liwweren: Kuck, ech war deemools mat dobäi! Da sinn esou Leit mer awer nach léiwer ewéi déi Mammen a Pappen, déi hiren Nowuess carrément mat an d'Rockhal geschleeft haten. Kleng Kanner, kilometerwäit vun der Pubertéit ewech, déi net wousste wien deen Här do uewen op der Bühn war, déi sech d'Oueren zougehalen hunn an déi am allerléifsten an hirem gudde Bett geleeën hätten. Fir si war deen Owend bestëmmt kee Kaddo. Mä Haaptsaach: d'Mamm an/oder de Papp haten eng gäil Zäit. Et muss een ebe Prioritéite setzen.

AUDIO: Apropos: Babysitter Bruno