Läschte Sonndeg stécht nach muencher engem an de Schanken. Apropos wéi ass da bäi dir, Fernand Mathes

Et fält mer schwéier, ma ech verbäisse mer all Commentaire iwwer d' Walen 2013.

Mech intresséiert elo mol wéini d' Plakate vun eise Pop-Staren ewech geholl ginn, zemol bäi eis am Osten, den Duce am wäissen Hiem, deen der un allen Ecken an Ennen an d' A spréngt. Eréischt wa mer nees e fräie Bléck hunn kënnen sech d' Gedanken och nees fräi entfalen.

Apropos ech wor läschte Sonndeg ower an eng Diskussioun geroden, allerdéngs nach virun 2 Auer an et hat näischt mat der Loscht op Haut an Iwwermuer ze di ma ganz einfach mat der Alldagsflemme, déi all d'Gespréichspartner matenee gedeelt hunn. Et ass drëms gaang, datt mer eis unisono veräppelt gefillt hunn vun der Hëllefsbereetschaft an der Efficacitéit vu muench Administratioun, déi hir Clienten, also eis Bierger, dacks am Ree stoe léisst an engem d'Gefill gëtt, datt si d'Sonnesäit gepacht hunn. Wéi dacks hutt dir da schonns är Zäit um Telefon verplempert fir e Renseignement ze kréien. Do muss een alt Nerve matbrénge wéi Tramsschinnen a sollt een iren d'Chance hunn duerchzekommen, brauch een derbäi nach en décke Pelz, well een zu allem Iwwerflooss och nach kann ugebaupst gi wéi dee läschte Fësch.
Ma do huet sech an der lescht dach eppes gedoen. Vläit ass et d' Resultat vun där ominéiser „simplification administrative“, allerdéngs schéngt déi just intern ze gräifen an net op der Säit vum Client.

Also, et brauch een elo net méi esou laang un der Strëpp ze hänken, well ee ganz huerteg e Message vun engem Repondeur kritt: „Dir kënnt eis telefonesch tëscht 9 an 11 erreechen“. A wat leeft soss nach? Ass Mëttes zou, oder wéi?

Maacht eis just ee Gefalen an hänkt nach ee Saz um Repondeur drun. Sot eis nach w.e.g.: wat fir een Dag tëscht 9 an 11?

AUDIO: 23/10/2013 Apropos "E Repondeur, mä keng Äntwert"