"Get Banksy!"

Eng Schlagzeil oder besser en Opruff deet déi konschtbegeeschtert New Yorker den Ament duerch hir Stad lafen, ëmmer op der Sich no engem Konschtwierk oder engem Phantom! D'Christiane Kremer sicht emol mat.
Datt am beschten iwwerwaachte Land op der Welt- dat jo och nach de Rescht vun der Welt mat iwwerwaacht- e couragéierten, britesche Kënschtler et fäerdegbréngt seng Anonymitéit ze behalen an trotzdem seng Wierker op seng onkonventionell Manéier quasi all Dag anzwousch auszestellen, ass jo bal net ze gleewen. An dach de Graffity-Kënschtler Banksy, deen an de leschte Joere Spray-Wierker mat ëmmer kritesche Messagen alt fir 1 Millioun € d'Stéck verkaaft huet, hält d'Welt-Metropole a seng Awunner an Otem oder besser bréngt se ausser Otem. Si lafen duerch d'Stroossen, soubal se um Internet-Site vum Banksy vun der neister Kreatioun gelies hunn, mat Handy oder Fotoapparat an der Hand fir op d'mannst esou festzehalen, wat den onbekannte Star u Molerei a Message hannerlooss huet. Heiansdo ass et e Mini-Skyline-Graffiti mat den Twin Towers op enger klenger Mauer, heiansdo Tableaue mat Figuren deels a Militär-Uniform deels mat Schleier, oder et fiert en Déierentransport-Camion mat Plüschendéieren ënnert dem Numm „Sirens of the lambs“ duerch d'Stroossen vum Big Apple.
Eemol huet de Banksy seng Fans awer richteg op den Aarm geholl oder wollt en einfach testen, wéi wäit säi Wäert och wierklech unerkannt ass? Een Dag laang huet en eelere Mann am Central Park op engem Stand Graffity-Wierker fir 60 Dollar d'Stéck ugebueden. Nëmmen e puer goufen der verkaaft, zum Deel gouf souguer gehandelt, um Enn krut de Banksy 420 Dollar Recette. Deen aneren Dag stoung op sengem Site ze liesen: „Dat ware meng Wierker, nee haut musst der net méi dohinner, haut sinn se net méi ze verkafen.“
Den Hype ronderëm de Banksy ass net nei- ëmmer erëm gëtt iwwer seng Identitéit spekuléiert, méiglecherweis heescht hie Robin Gunningham an ass zu Bristol 1973 gebuer ginn- vun deem Mann ass op alle Fall zënter 2000 näischt méi offiziell gewosst. Bekannt ass seng Konscht op der ganzer Welt, gesprayte Wierker ginn zum Schutz hanner Glas gestallt oder esouguer erofgeholl a verkaaft.
Natierlech tauchen ëmmer nees Fotoen op mat der Fro: Ass dat de Banksy? Natierlech ass dat an der New Yorker-Presse och net anescht.
Bis ewell ouni Äntwert! Mä sollen dat d'NSA oder d'CIA wierklech nach net wëssen? Bis den 1. November kënnen se de Banksy nach zu New York suivéieren- sou laang ass en nach do.
Wour da säi Wee hiféiert, weess wuel just hien!
Oder awer net?