Deeg gi méi kuerz – allzäit wat Dagesliicht ubelaangt an d'Wieder ass och net ëmmer um Rendezvous – allzäit dat gutt; an ze guer wann et fir fortzelafen ass bleift awer jiddereen doheem. Zäit also fir deen een oder anere Virsaz vum leschte Joer mol konkret ëmzesetzen – a wéi wier et do mam Klassiker vum Raumen. Elleng de Gedanke vum Opraume féiert, iech wuel genausou wéi mech, bei ganz Bierger vu Pabeier, Souvenir'en net agepechten Photoe bis bei Miwwel déi entweder nach ëmmer net do sti wou se sollen oder nach ëmmer do sti wou keen se méi ka gesinn. D'Heefegkeet vun dëse Bierger verdeelt sech gemengerhand vum Büro iwwert d'Garage bis an de Keller – deen net seelen engem 'Endlager' à la Gorleben gläicht. Ass dat bis geschitt da ginn et just nach zwou Méiglechkeeten: sech entweder offiziell als 'Messie' ze outen, wuel gemierkt de Syndrom an net den Fussballspiller, oder ufänken opzeraumen.

Fréier huet dat geheescht eng Saach no der aner ze huelen an entweder ze raumen oder ewech ze werfen. Och haut gëtt nach ëmmer dat eent no deem aneren eraus geholl, woubäi den Entscheedungsprozess schonns laang vill méi komplex ass: ouni Trian Recyclage leeft haut keng méi. A sou verbréngt een Stonnen domadder aus de Bierger eenzel Kéip ze maache fir der Iddi vun der Nohaltegkeet gerecht ze ginn, an eventuell e puer Minutten am Recyclingscenter ze gewannen. Dëst geléngt awer nëmme wann en déi néideg Ausdauer huet – soss riskéiert een den Duercherneen net opgeraumt mä just ëmgeraumt ze hunn, also amplaz Bierger just nach lauter kleng Kéipercher ze hunn.

Iwwregens ass den Ënnerscheed tëscht Jonk an Al beim Raume ganz einfach: et geet keen! Krut en als Kand dauernd ze héieren 'raum dach mol op' sou iwwerhëlt en dat als Erwuessenen einfach selwer: dauernd gëtt e vum eegenen Denken drun erënnert. Well all Ursaach bekanntlech ëmmer Grond genuch ass fir déi Saach guer net unzegoen – nämlech opzeraumen – ginn et dann och déi sëlleche Spréch vun der Uerdnung als dat halleft Liewe bis bei de Genie deen de Chaos beherrscht – souzesoen en intelligenten 'Messie'.

Grad elo, wou souguer politesch am Land opgeraumt gouf, kinnt dat doheem jo wuel kee Feeler sinn – an zum Schluss bleift ëmmer nach Hoffnung: et kinnt een sech och nei organiséieren sou dat den üblechen Duercherneen ee fir allemol guer net méi géif entstoen. A wéini dat Hoffnung stierft brauch ech wuel net méi ze soen.