All Mënsch ass op der Sich nom Gléck an awer gëtt et iergendwéi net fonnt. Dofir gëtt weider permanent dono gesicht. Vläicht op deene falsche Plazen?

Allerdéngs mengen ech, datt dës Plazen awer trotzdem noutwendeg sinn fir iergendwann eng Kéier z'erkennen, datt d'Gléck do net ka fonnt ginn. Mä soulaang gëtt an enger Realitéit dobausse gesicht, déi guer net reel ass. Do ass zum Beispill den Dramberuff: Jo, wann ech dee bis hunn a vill Sue verdéngen, da sinn ech endlech glécklech. Ass dat areecht, dann ass d'Gléck kuerz do. Ma sou séier wéi et komm ass, ass et och nees fort, an de Beruffsalldag stellt sech nees an. Da kommen nei Wënsch: eng flott Wunneng, en Auto, eng Vakanz, e Partner oder Kanner mussen dann och nach kommen, mä och dat Glécksgefill geet iergend wann eng Kéier nees fort oder verschwënnt am "train-train" vum Alldag. An da mussen nees nei Wënsch erfëllt ginn. Mol ganz éierlech: dat erënnert mech dach awer e bësschen un d'Geschicht vum "Hans im Glück", dee säi Stéck Gold esou laang agetosch huet, bis en um Enn guer näischt méi hat an dunn eréischt richteg glécklech war. Aus deem Hamsterrad vum Siche kënnt een awer net méi sou séier eraus, et sief dann et fänkt een mol un d'An opzemaache fir z'erkennen: egal wéi eng materiell Wënsch ech mer erfëllen: d'Gléck kann net einfach op Dauer halen. Well ech mengen da, wat wierklech gesicht gëtt ka nëmme bei sech selwer a bannendra fonnt ginn. Et ass nämlech d'Zefriddenheet mat sech selwer, déi gesicht gëtt, an soulaang déi net do ass, ass alles anescht eng Verdrängung oder eng Aart Narkos vun der richteger Sich. Musse mer dat da wierklech hunn? Si mer net amgaangen andauernd ze probéieren e Lach am Häerz zouzestoppen dat a Wierklechkeet scho laang zou ass? Duerch d'Verbindung mat sech selwer géing déi Sich ophalen. D'Gléck ass do a gläichzäiteg ass eng Zefriddenheet areecht, sou datt all Wonsch, ob materiell Saachen oder ob Partnerschaften ophält. D'Angscht vum Allengsi gëtt méi kleng an ass kee Problem méi. Dat Gléck mat sech selwer bleift och erhalen a kann net méi réckgängeg gemaach ginn. D'Gesellschaftlech Strukture sinn allerdéngs esou raffinéiert, datt ëmmer nees ervirgehuewe gëtt wat alles gebraucht gëtt fir glécklech ze ginn. E gutt Ausgesinn, eng gutt Figur, genuch Kapital fir sech schéi Saachen ze leeschten, d'Lëscht ass onendlech. Eise Geescht gëtt genee drop manipuléiert, datt ee just dobausse säi Gléck fënnt, sou datt de Mënsch mol net op d'Iddi kënnt fir bei sech selwer unzefänken.

AUDIO: Apropos