Muer ass Allerhellgen. Deen Dag, wou mer jo un déi denke sollen, déi eis verlooss, déi mir awer net vergiess hunn. Apropos Gibbes Bertolo

Et kann ee jo mol eppes vergiessen ... dee Saz ass Iech dach bestëmmt och schonn déi eng oder aner Kéier agefall, wann der un eppes net méi geduecht hutt. Kann effektiv jo mol passéieren. Anscheinend gëtt jo alles, wat mer sou an eisem Liewen erliewen, iergendwou an eisem Kapp gespäichert, ge-saved. De Problem ass just, datt mer mat der Zäit do uewen alles vertässelen an noutgedrongen net méi erëmfannen. Et gi Saachen déi vergësst een nun mol séier, wuel well se engem net terribel wichteg waren. Oder wësst Dir nach wat der virun zwou Wochen ze Mëtteg giess hutt? Wuel kaum. Da ginn et déi Momenter déi een nawell ganz gäre vergësst, well se engem déi eng oder aner desagreabel oder penibel Situatioun an Erënnerung ruffen. Feeler kann een effektiv mat guddem Gewësse vergiessen, virausgesat: et vergësst een net, wat een draus geléiert huet.

An dann net ze vergiessen: déi ominéis Verspriechen déi alt mol gären no Wahle vergiess ginn, d'Steiererklärung déi net mat Zäite gemaach gouf oder Leit déi sech och alt mol selwer vergiessen ...

Mir kënnen eis jo hautdesdaags relativ gutt an efficace géint d'Vergiesse wieren. Mam Smartphone deen net nëmmen eis photographesch Momentopname memoriséiert mä och nach d'Funktioun vun der digitaler Sekretärin iwwerhëlt déi kuckt, datt mer och nëmme kee Rendezvous oder Rappel verjuppen. A wat géinge mer um Büro an och soss, doheem, ouni déi kleng giel Ziedele maachen déi mer permanent ronderëm eis pechen, fir un dëst an dat ze denken ...

Op där anerer Säit hu mer déi onvergiesslech Momenter. Erënnerungen, Biller a Gefiller déi een e Liewe laang begleeden an déi een um Enn da wuel och mat an d'Graf hëlt. Woubäi mer nees bei Allerhellge wieren.

Wat ee vergësst, huet een am Fong geholl net erlieft. Dee Sproch kann ee mat guddem Gewëssen och op Mënschen iwwerdroen. Dat sollte mer vläicht speziell muer net vergiessen ...