D'Musek mécht den Toun

Virun e puer Deeg hunn d'Agence gemellt, dass d'britesch Handelsmarine eng nei Waff géingt d'Piraterie viru Somalia fonnt hätt : d'Britney Spears. Si hunn Lautsprecher un hir Schëffer geschrauft, a loossen doriwwer Lidder vum gudde Britney iwwer d'Mier dröhnen. Well d'Pirate, wéi et schéngt, sech zwar Maschinnegewierer, mee keng Ourestëpp leescht kënne, halen déi dat am Kapp net aus, a sech dofir wäit vun deene Schëffer ewech. Vläicht heescht et demnächst net méi Deutschland sucht den Superstar, mä Bohlen sucht den Piratenschreck.
Dat huet mech drun erënnert dass virun e puer Wochen, wéi et ëm déi sympathesch Drogendealer an der Stroossbuerger Strooss gaangen ass, verschidde Leit och do proposéiert haten, Lautsprecher opzestellen, allerdéngs net fir Britney Spears, mee klassesch Musek ze spillen. Wéi et schéngt géifen zweetklasseg Krimineller a souguer Heeschterten do ganz allergesch drop reagéieren. Dass ee Musek als Waff asetze ka wëssen och d'Amerikaner, déi zu Guantanamo alt mol Prisonnéier mat haardem Rap an Heavy Metal foltere sollen.
Eis nei Regierung sollt sech dëst Wëssen zu Notze maachen. Well wat d'Britney Spears kann, kënnen eis lokal Museker scho laang. Wa mer iergendwann mol rëm der Meenung sinn, dass ze vill Leit aus deene falsche Grënn bei eis Asyl sichen, géing et wahrscheinlech duergoen déi läscht CD vum Dieter D an der Endlosschläif am Wartesall vum Olai lafen ze loossen. Fir dann nach dohinner eng Demande stellen ze kommen, muss een wierklech verzweiwelt sinn. Anert Asatzgebidd vu Musek : D'Urgence vun de Spideeler. Déi sinn alt rëm iwwerfëllt, well lo am Hierscht lauter Leit do ronderëmlungeren, déi just de Schnapp hunn. Dat géif sech bestëmmt änneren, wann do permanent déi al Schanke vun OTC an de Sängeboys lafe géifen. Fir dat ze packen, muss ee wierklech schlecht dru sinn.
A wann eis Spëtzepolitiker demnächst d'NSA dovunner ofhale wëllen, de ganzen Zäit hir Gespréicher matzelauschteren, sollten se vläit ëmmer gutt haart am Hannergrond déi al Gassenhauer vum Fausti lafen hunn. Dat nozelauschtere wär op Dauer och fir deen häertsten Agent nëmme schwéier ze packen.