Elo hu mer d' Allerhellegevakanz hannerun eis, ma anscheinend wierkt et nach no, Fernand Mathes

Wa mer schonn derbäi sinn, wier et net besser mer géingen déi Vakanz och gläich ëmdeefen an Halloweensvakanz oder Geeschtematt an d'Vakanz....

Ech hat dës läscht mat engem Rieds, deen et misst wëssen an dee sot, datt a 5 – 10 Joer kee méi vun Allerhellge schwätzt an datt de Brauch fir op de Kierfecht ze goe lues a lues verschwënnt. E wäert wuel Recht hunn, well wann ech déi jonk Generatioun esou kucken, déi hu sech antëscht ganz dem Geeschtergedeessems vun Halloween verschriwwen. A wa se keng Loscht méi hunn fir sech ze verkleeden an der Däiwel selwer erauszeloossen, sëtzen se zu e puer doheem vrun der Télé a probéiere bäi Grujelfilmer esou gutt wéi méiglech zesummen ze fäerten.

Dat klassescht Familljefest, wou ee sech um Kierfecht begéint fir un déi ze denken, déi eis de Wee preparéiert hunn, schéngt esou lues an de Vergiess ze geroden. Éierlech gesot, ech selwer gi mech op deenen Deeg och net méi op d' Griewer weisen, ma ech hunn nach den Zoch fir e puer Deeg virdrun eppes op d'Graf ze setzen an, an aller Rou eng Zäitchen op dëser dach eenzegaarteger Platz ze verbréngen, drun ze denken wou ech hir kommen a mer keng virzemaache wou mäi Wee mech hiféiert.
Hutt dir iech net och alt derbäi erwëscht, datt der unhand vun den Datumen op de Griewer ausgerechent hutt, wéi al dësen an dee gi sinn fir iech da reng statistesch drun ze tréischten, datt der an dem Fall jo alt nach e puer Joer zegutt hätt....

Ech wor viru genee enger Woch op e klenge Kierfecht an d' Éisléck, wou ee Mënsch begruewe läit dee mer vill bedeit an do ass mer opgefall, datt op deene méi neie Griewer guer keng eenzel Persoune méi ugefouert ginn, kee Virnumm kee Gebuerts - an och keen Doudesdag, just d'Famill „souanesou“. Ech wor iergendwéi befriemt, krut keng Relatioun méi zustan a wor mer bewosst dat mer eis esou lues an der Anonymitéit verléieren.

Anerersäits huet et mech ower och motivéiert fir zu Liefzäite positiv Spueren ze hannerloossen, fir just op engem Graf veréiwegt ze ginn, wier mer dann ower e bësse wéineg!

AUDIO: Apropos