Eis nächst Regierung huet nach net mat regéieren ugefaang, a schonn dierft deem engem oder aneren zukünftege Minister d'Loscht dorobber vergaange sinn. Deeglaang hu se sech unhéiere missen a vun héije Beamten erkläre loossen, dass d'Keesen wierklech eidel sinn, Spuere méi einfach gesot wéi gemaach ass, an einfach mol d'Steieren eropsetzen och keng Optioun ass. Mattendran ass dunn och nach d'Noriicht gefall, dass de Lëtzebuerger hir Liewenserwaardung alt erëm ee Stéck eropgaang ass. Den nächste Pensiounsminister wäert sech gefreet hunn...
Laut den aktuellen Zuele gi Frae bei eis am Duerchschnëtt 84,3 Joer al, Männer just 79,5. Op d'mannst mol an eisen Altersheimer brauche mer dofir nach sou bal keng Fraequot anzeféieren. Lo kann ee vill driwwer diskutéieren, wéi d'Fraen et fäerdeg bréngen, ronn 5 Joer méi laang ze liewe wéi d'Männer. Fait ass, si maachen et, an ech hu souguer den Androck, si maachen et gär.

Wien d'Statistike kennt, kënnt net dolaanscht festzestellen: Fraen, op d'mannst déi, déi eppes vum Bestietnes halen, maachen alles fir méiglechst laang Wittfra ze sinn. Éischtens: Si wëssen dass se méi laang liewe wéi d'Männer. Zweetens: Si sichen sech systematesch Männer, déi méi al si wéi si selwer. 2,4 Joer am Duerchschnëtt, laut dem Statec. An dat ass dann nach ouni déi romantesch Regel en Compte ze huelen, laut där den Altersënnerscheed proportionell ass zur economescher Plus-value déi de Mann an de Mariage erabrénge kann.

4,8 Joer méi laang ze liewen, plus 2,4 Joer méi jonk fir unzefänken, dat sinn also -virprogramméiert!- 7,2 Joer als Wittfra. Am Eenzelne ka jo keen dofir, wou d'Léift hifällt, mee wann se statistesch gesinn ëmmer op méi al Männer fällt, dann ass dat keen Zoufall méi … Wann mer also deemnächst een erklärt, et misst ee Matleed de „Witwen und Weisen“ hunn, da weisen ech deem d'Statistik. D'Weesen hu mäi Matgefill. Mee d'Witfraen, kollektiv gesinn, hätten sech dat mol virdrun iwwerleeë sollen.

A vu dass den Alter vum éischte Bestietnis permanent eropgeet, a lo schon iwwer 30 läit, déi plastesch Chirurgie ëmmer méi efficace gëtt, an Botox ëmmer méi bëlleg, soll keng Fra mer zielen, si géif et net fäerdeg brénge méi ee jonken Typ ze fanne fir ze bestueden. Mee als gudden emanzipéierte Feminist sinn ech menger Zäit wuel rëm viraus. Ronn 7,2 Joer géif ech schätzen...