De Floss vum Liewen

Et leeft, et rullt, heiansdo rennt et a mat Momenter trëppelt et op der Plaz - gutt, op d'mannst beweegt et sech. Nee, d'Christiane Kremer befaasst sech am Apropos vun haut net mat der Economie, déi sech jo nach net erholl huet an och déi gréisst Erausfuerderung fir déi nei Regierung wäert ginn, mä mam Floss vum Liewen.
Jo alles fléisst! An dofir loosst et fléissen, a fléisst mat. Fir datt Dir net stagnéiert, immobil gitt an no hannerrécks faalt. Vum éischten Ament un ass d'Liewen a Bewegung, entwéckelt sech an dreift weider, am beschte Fall an deem Rhythmus, dee mer ëm selwer ginn. Sou soll et sinn a wann et sou ass, kënne mer dach e méi oder wéineger zefriddent Liewen féieren. Mä sou einfach ass et da jo awer net. A fir sou vill Mënschen op der Welt ass de Floss vum Liewen leider e Kampf ëm d'Iwwerliewen. All Dag kréie mer där Biller vrun Ae gehalen.
Wa mer éierlech sinn, gehéiere mir an eisem Land nach ëmmer zu deenen Mënschen, déi den Tempo an d'Richtung decidéiere kënnen, déi mer huelen. Mä oppassen: Wéi séier hu mer eis dru gewinnt, datt et sou rullt an ëmmer sou weider rullt a mir vergiessen, datt een dach vläicht awer mol eng Kéier misst op en anere Wee oder an en anere Gank wiesselen. Bis datt dann e Stoppschëld um Wee opdaucht, dat de Floss bremst, ëmleet a vläicht souguer komplett blockéiert.
Zum Beispill wann d'Funktioun, an där een engagéiert ass, op eemol geännert gëtt an et hat ee sech net drop preparéiert, war sécher, datt dat ëmmer nach géing sou weiderfléissen.
Oder wann engem säi Kierper op eemol einfach an enger vu senge Funktioune streikt!
Grad dann ass et wichteg, net wéi am Schock stoenzebleiwen, mä ze struewelen, fir nees an de Floss ze kommen. Dee ka jo duerchaus en anere Rhythmus an eng aner Stréimung kréien.
Haaptsaach, et fléisst weider, d'Liewen a seng Liewegkeet!