45 Joer ass et hier, datt e Kuss d'Welt verännert huet. De Captain Kirk, Chef vum Raumschëff Enterprise – Dir wësst schonns: "unterwegs, um neue Welten zu erforschen", sou déi däitsch, also eis Versioun –, kusst de weibleche Leutnant Uhura. E Kuss ass elo näischt Neies, och net am amerikanesche Fernseh, awer e Kuss tëscht engem wäisse Mann an enger schwaarzer Fra schonns. Skandal genuch, fir datt divers Fernsehstatiounen, virun allem an de Südstaaten, refuséieren, dës Episod vun der Serie ze weisen.
 
Ronn 140 Joer no der Ofschafung vun der Sklaverei gëtt am selwechte Land e Schwaarze President. De Barack Obama als Chef vun den USA léisst an der westlecher Welt Hoffnungen aus wéi sengerzäit den Nelson Mandela, wéi deen 1994 den éischte schwaarze President vu Südafrika gouf.

An eréischt 20 Joer ass et hier, dat e Schwaarzen, an och nach eng Fra, de Literaturnobelpräis krut – d'Toni Morrison, déi mat 77 Joer néiergeschriwwen huet, wat et heescht, als Schwaarzen an enger "schwaarz-wäisser" Welt opzewuessen.

Vill aner Beispiller weisen, datt d'Weltgeschicht am Orwell sengem Sënn vun 'all animals are equal' oft e Schratt no vir gemaach huet duerch d'Initiativ vun engem, deen anescht geduecht huet, ouni dobäi onbedéngt e 'Schwaarzen' mussen ze sinn.

An eiser nationaler Geschicht, also heiheem, schéngt éischter de Géigendeel zouzetreffen. Am Sënn vum Georges Orwell sengem "but some animals are more equal" sinn et hei déi 'Schwaarz', déi iwwerzeegt sinn, si wieren déi eenzeg, déi iwwerhaapt denke kéinten an alles aneschters kéim dohier guer net a Fro. Dach eemol – an de 70er Joren, fir duerno awer als Modell net méi widderholl ze ginn – bis viru 5 Wochen.

Genau sou wéi am Raumschëff Enterprise si mir och elo "unterwegs zu neuen Welten", déi awer net iergendwou wäit ewech am Universum op eis waarden, neen, eis nei friem Welt steet, vill méi praktesch, direkt virun eiser Hausdier. Mam Numm "Gambia-Koalitioun" - woubäi "Aserbaidschan" der Saach, mol ofgesinn vum Symbol an der Mëtt, méi no géif kommen –, awer eis Traditioun, fir alles vun den Nopeschlänner ze klauen – pardon – eis do ze inspiréieren, ass jo nach net (sou) a Fro gestallt.

Hoffentlech traue mer eis dann och fir eng Kéier, sech dëser neier friemer Welt genau sou oppen a couragéiert ze stellen wei sengerzäit de Kirk an de Spock. Duerno ass jo nach ëmmer Zäit genuch, fir erëm ze fäerten.

A wien weess, vläicht dreemt och hei deen een oder aner vun engem Kuss, deen d'Welt wuel net dierft veränneren, awer mat Sécherheet eist Ländchen – oder wéi sengt de Billy Joël "we didn't start the fire..."