Fussball a Liewen

Haut a muer geet et an der Champions-League weider mam 5te Spilldag, muer den Owend spillt ënnert anerem och den FC Bayern München auswäerts géint Moskau. E Saz vum Bayern-Trainer ass dann och den Ophänkert vum Roland Kalté am Apropos vun haut!
„De Fussball huet mer all dat vermëttelt, wat mech haut als Méinsch ausmécht“, Zitat vum Pep Guardiola
De Fussball ass e Spigelbild vum Liewen. Freed, Trauer, Teamwork, Kampf, gewonn oder verluer.
T’weess ee ni, wat de Match oder den Dag bréngt. Wéi sinn d’Matspiller a Form? Wéi ass d’Taktik vum Géigner? D’Wieder? D’Arbitterdecisiounen? Verletzungen? Positiv a negativ Iwwerraschunge sinn ëmmer dran. Herno ass een ëmmer méi schlau.
T’kann ëmmer nëmmen ee gewannen. Wee ni hannen ass, kéint och ni no vir.
Gléck a Pech leien no beieneen. Chancëgläichheet gëtt et nit.
„Fussball ass en einfacht Spill, an zum Schluss gewënnt Däitschland!“, sot eemol de Garry Linecker no engem Lännermatch. D’Welt ass nit gerecht. T’ass nit onbedéngt déi bescht Equipe, déi gewënnt, an dee fläissegste kritt och nit onbedéngt déi meescht Punkten oder déi déckst Pei. Deemno a wéi enger sozialer Schicht ee lieft, ass erausfale méi einfach wéi ze steigen. De Méinsch ass e soziaalt Wiesen. Fir dass dat fonctionnéiert, muss jiddweree säin Job man, wat e geléiert huet, wou seng Talenter leien. De Goalkeep spillt nit op eemol riets Band, an de Bus-Chauffeur fänkt och nit op eemol un deenen aner d’Hoer ze schneiden.
An t’ass nach kee Meeschter vum Himmel gefall. ’t kann ee nach esou vill Talent hunn, ... e Messi, e Rooney, e Reus wiere nit esou gutt ginn, wa se nit all Dag stonnelaang mam Ball geübt hätten. ’t muss ee permanent u sech schaffen. Am Fussball an och am Liewen.
An de Match ass eréischt dann eriwwer, wann den Arbitter ofgepaff huet. Afloss op d’Vergaangenheet huet ee keng, op d’Zukunft schonn. An d’Hoffnung stierft bekanntlech fir d’lescht.
Ech ka mer virstellen, dass et mat anere Sportaarte grad esou ass, ... mä ... de Pep an ech, mer si nun eemol Fussballer.