Alles verblatzt

Mat der Zäit verblatzt alles. D’Fuerwe sinn op eemol nit méi do. Op alle Fall liichte se nit méi esou knalleg, esou poppeg, esou fuerweg. De Lack ass af.
Et muss nei ugestrach ginn. E puer Couchen esouguer dacks. Alles verblatzt.
Nit nëmmen Dieren, Féinsteren, Fassaden, den Auto, ... och Erënnerungen, Sympathien, Fréindschaften, Léiften, Biller, Gemeinsamkeeten, Schéinheet, Iddien, Illusiounen. Alles! Och do muss derno gekuckt ginn, regelméisseg gefleegt ginn. An ass nit einfach. Vill Aarbecht, a vill Zäit geet drop Zäit, déi mer jo nit méi hunn.
Wat wier dat schéin, wann et mat eisen Dieren, Féinstere, Fassaden ging goen wéi an der Natur. Och déi muss jo regelméisseg nei ugestrach ginn, ging soss wuel och verblatzen. Dierfer a Stied zum Beispill man et jo. An d’Natur ass jo dobäi vill méi al, déi gëtt et jo schonn éiweg, déi misst dach eigentlech scho schwaarz/wäiss sinn.
An der Natur leeft et anscheinend esou: D’Sonn kontrolléiert regelméisseg, wéi et esou mat der Fuerf doruechter ass. A wa se mierkt dass et ufänkt blatzeg ze ginn, da wäscht se fir d’éischt mat engem Reenchen d’Natur af. A da kéint hiren Usträicher laascht mat senge Fuerwen, ... de Reebou. Dee léisst seng vill Fuerwen da lues a lues eraf bis en eidel ass. Fir d’éischt gëtt e blatzeg an da verschwënnt e lues a lues., well en eebe keng Fuerwe méi huet.
Ech weess nit ob et wierklech esou ass, ech mengen och nit, mee t’ass awer eng schéi Geschicht. Wéi ass et mat Ären Illusiounen, Iddien, Léiften, Fréindschaften? Och verblatzt? Zäit fir de Reebou vläicht emol erëm erauszehuelen, fir e neie Bou iwwert déi Saachen ze spanen? Ma ... firwat da nit elo? Direkt!