An Amerika hat viru Joren een eng Auer zum Patent ugemellt, op deeër een – haalt Iech un – op deeër ee seng Reschtlieweszäit kount aafliesen.

Wann een da gefrot gouf, ob en zum Beispill e Sonndeg op Besuch wéilt kommen, da kount een op seng Auer kucken an decidéieren, ob déi Zäit do vu senger kostbarer Reschtlieweszäit der wäert war, fir se z’afferen Well, ech ka mer virstellen, wann d’Reschtzäit esou lues ufänkt knapp ze gin, dass een dann op eemol ufänkt dermat ze geieren.

De Mechanismus vun deeër Auer war simpel. Well ee jo déi statistesch durchschnëttlech Lieweserwaardung vu Männer a Frae kennt, kann de Keefer – ënner Aafzuch vu Stressdaten wéi Tubak, Alkohol, Krankheeten, asw, déi e virdrun an e Minicomputer huet mussen aginn, individuell déi Zäit ermëttelen, déi him theoretesch nach zur Verfügung steet. Esou Onvirgesinnes, wéi Accidenter, Scheedung, Karrieresknéck, kënnen emmer erëm nodréiglech agetippt gin, fir de Schicksaalsbarometer um leschte Stand ze halen.

Ech weess nit, ob et déi Auer nach gëtt, ob s’iwwerhaapt eemol fabrizéiert gouf. An – ech mengen, eis normal Auer, deem seng Zären eis all Dag ëmmer erëm erféieren, well et schonn erëm méi spéit ass, wéi mer gemengt hunn, geet och déck duer.
Geschwënn ass d’Joer em. Och dat weess bei senger Gebuert, also bei Neijoerschdag, wéini säi leschten Dag vertéckt ass. Gottseidank ass et nit esou bei eis. Mee trotzdem, verschenkt keng Zäit. T’kann ee se nit unhalen, nit zréckdréinen. T’kann ee sech keng huelen, keng stielen, keng gewannen. Si vergeet just, si vertéckt bis keng méi do ass.  Verlieft se sënnvoll. Vläicht e Virsaz fir d’neit joer, wann Der éiere nach keen hutt.

AUDIO: Apropos "5 vir 12"