D'Sécurité Routière huet d'lescht Woch vun de Koalitiounsverhandlunge profitéiert, fir  eise Politiker an d'Gewëssen ze rieden, wat d'Sécherheet op eise Stroosse betrëfft. Fir déi ze verbessere sollen op d'mannst 70, idealerweis 225 Radaren opgestallt ginn. Dozou muss ee wëssen dass dat lëtzebuerger Stroossennetz knapp 2900 Kilometer huet. Dat wär also nach net mol ee Radar all 10 Kilometer. An dat léisst dann iwwerall do, wou grad kee Stau ass, ganz kloer nach vill ze vill Sputt fir ze rennen !

Dofir wëll ech da lo mol anticipéieren, an all/déi /Mesure virstellen, mat deenen d'Sécherheetsexperte komme wäerten, wann déi 225 Radare bis stinn, an awer nach Leit op eise Stroossen ëmkommen. Fir unzefänke kritt jiddereen eng Blackbox an den Auto, déi ee GPS dranhuet, dofir ëmmer weess, wou een drun ass, a wéi eng Vitesselimitatioun do grad gëllt. All Kéiers wann ee méi séier ass wéi erlaabt, gëtt automatesch ee Message un de Policecomputer geschéckt, deen dann direkt een entspriechende Protekoll erausspäitzt (*). Déi ginn natierlech massiv méi deier, soe mer 100 Euro pro Kilometer deen een driwwer ass. /Wien sech un d'Regelen hält huet näischt ze fäerten./ Wien au contraire awer een
Délit de Grande Vitesse baut gëtt wéinst Tentative d'Homicide op d'mannst 3 Méint an de Prisong geschéckt.

Autoen, déi zu Lëtzebuerg zougelooss ginn, kréien an Zukunft zu Sandweiler een negative Chiptuning verpasst. Konkret heescht dat, dass d'Spëtzevitesse elektronesch op 130 limitéiert gëtt - méi séier däerf ee jo souwisou néierens fueren - an dass de Motor sou agestallt gëtt, dass keen Auto ënner 12 Sekonnen op 100 ass. Soss leeft een, grad an Tempo 30 Zonen, vill ze séier d'Gefor, vill ze séier ënnerwee ze sinn. /All Verkéiersdoudege, souguer all Blesséierten, ass een ze vill./ An dofir féiert eben och op der Strooss kee Wee dolaanscht falsch verstane Fräiheet géingt eng staatlech iwwerwaachten Illusioun vu Sécherheet ëmzetauschen.

Repressioun alleng geet awer net duer. Filmer wéi "Fast and Furious" an Evenementer wéi d'Euro-Racing-Show, déi demnächst jo rëm um Kierchbierg ass, musse verbuede ginn, well se Tuning, de Rennsport, a generell d'Vitesse verherrlechen, d'Leit also zum Rennen animéieren. An zu gudder läscht sollte mer laanscht d'Stroossen déi grousse Panneauen ofmontéiert, op déi ëmmer sou komesch Campagnë plakatéiert ginn. Egal bei wéi enger Vitesse lenken déi nämlech nëmme vun der Strooss of.

(*) Dat ass keng Science-Fiction, d'Technik gëtt et schonn :

http://ec.europa.eu/transport/road_safety/specialist/knowledge/speed/new_technologies_new_opportunities/intelligent_speed_adaptation_isa.htm