Toilettegedanken

Welttoilettendag. Do misst jo am Fong geholl jidderee vun eis e Wiertche kënne matschwätzen. Apropos Gibbes Bertolo
Et ass nun mol esou, datt een deen intime Moment net ëmmer ka perfekt timen. An dowéinst dreift et een alt mol onfräiwëlleg op Plazen, wou een noutgedrongen net ëmmer alleng ass. Op der Schaff, am Restaurant, an der Gare, am Shopping Zenter ... wann et muss sinn, da féiert de Wee eben dohinner, wou och nach anerer hi mussen.
Am Fong geholl kann et engem jo sch... egal sinn, ob d'Nopeschkabinn besat ass oder net. Wann d'Waasser bis gezunn ass, si mer alleguerten erliichtert. An awer: ech hu Problemer, fir et iwwert mech (an dësem Fall: ënnert mech) ze bréngen, wann ech weess, datt niewendrun ee sëtzt, dee grad amgaangen ass, dat selwecht ze maachen. Firwat iwwerhaapt ? Et ass jo dat natierlechst vun der Welt. All Mënsch ass betraff, all Mënsch weess, datt et net no Mozart kléngt a sech kee Rousendoft verbreet. An awer fillen ech mech einfach net wuel, wann ech op 1 Meter vu mer d'Gewëssheet vun der Präsenz vun enger Persoun hunn, déi an dësem Moment eng quasi identesch Aktivitéit ausübt. Vläit kenne mer eis souguer ? Um Büro ass d'Probabilitéit nawell net kleng. Awer hei, hannert zouenen Dieren, gëtt Diskretioun grouss geschriwwen. Apropos Dier: Firwat kommen der ëmmer nach d'Klensch drécken, wou se jo awer wëssen, wat d'Faarf "rout" an d'Wuert "occupied" oder "occcupé" bedeit ? E kuerze Bléck geet dach duer, fir datt deen hannert der Dier net aus der Box fiert, resp. aus alle Wolleke fält. Fält engem dann och nach den Handy an ... bon - souwäit ass et zum Gléck nach ni komm.
Doheem ass et ëmmer nach am schéinsten. Do weess ee wou een drun ass, wien virdrun dru war a virun allem: et huet ee seng Rou, virausgesat: et kënnt keen anere Matbewunner op dee selwechte Gedanken, resp. verspiert zäitgläichen Drock.
Do soll nach ee behaapten: Konkurrenz belieft d'Geschäft ...