Den Novemberblues

E lauert iwwerall, hannert dem Niwwel, dem Reen an der Natur hirem groe Mantel, den Novemberblues!
De Fernand Mathes probéiert ouni Instrument an ouni Gesank derhannert ze kommen.
Huet et iech och schonn erwëscht? Geet är Laun schonn Hand an Hand mat der Stëmmung dobaussen? Abee dann hutt der nach fir eng Zäitchen ze knaen, well d'geet eréischt un. Wisou drécken déi Méint esou op eist Gemitt? Ass et wéinst der negativ subjektiver Connotatioun, déi vun hinnen ausgeet?
No go fir No vember deziméiert am Dezember, schwaarz, noer am Janoir an nëmme Gedeessems am Febrouhaha. De Mäerz ass well gehäerzt a brëll net méi am Abrëll.
Ech gleewen net, datt ech iech elo mat mengem Blödsinn ee Spoun viru bruecht hunn, ma vläicht hutt der eng Kéier liicht gegrinst oder einfach nëmmen de Kapp gerëselt. An deem Fall hätte mer schonn zwee Grondrezepter géint deen ominéisen Novemberblues ugerass; gutt Laun a Bewegung!
De Geck an den Eck, wat dréckt eis dann eigentlech esou op d' Gemitt an deenen dréiwe, kale Méint? Ass et, well mer da besonnesch mussen aus dem Suedel goen, Effort'e man, datt mer waarm bleiwen, eis iwwerwanne fir genuch Bewegung, Luucht a Sauerstoff ze kréien. Et geet ganz kloer net esou vum selwe wéi am Fréijoer oder am Summer. Ech gi jo zou, et ginn där Ustrengunge schonn esou vill vun eis verlaangt, datt mer dacks net méi genuch Pepp hu fir eis ëm eise perséinleche klenge Wellness ze këmmeren.
Et gëtt dach ower e sëlleche Méiglechkeeten, an dir fannt bestëmmt eng déi fir iech passt. Madame, fir iech vläicht einfach eng nei Blouse an Plaatz vum Novemberblues. Maacht iech einfach mol selwer eng kleng Freed, genéisst den Dag, och wann en nach esou gro ass...
Dat erënnert mech un dee Kolleg, dee läschte Samschdeg um Fest, den Horaz zitéiert huet, sech, carpe diem, ee Mini gepléckt huet an de Blues erof gespullt huet.