De schrecklechen Taifun Hayian, deen iwwert d'Philippinen gezunn ass, huet vill Misère iwwert dat Land bruecht, deem seng Mënsche scho souwisou e permanente Kampf géint Nout an Aarmut musse féieren. Mënschen, déi elo haart no Hëllef ruffen, Christiane Kremer ...
Et war ze liesen a grousse Buschtawen op zerstéierte Maueren an Haiser an et sollt iwwer Televisiounsbiller an d'Welt gedroe ginn. De Message ass ukomm, vun iwwerall gëtt Hëllef Richtung Philippinen geschéckt. Ob se duergeet oder just eng Drëps um waarme Stee bleift, soll elo mol net zur Diskussioun stoen. Ech wollt éischter de Moien emol op de Phänomen Hëllefen agoen. Oder ass dat guer kee Phänomen, mä en normale Reflex oder souguer mënschlech Selbstverständlechkeet? Läit et eis Mënschen am Blutt oder an de Genen, datt mer hëllefen, wann Nout um Mann ass, wann et engem aneren net gutt geet, wa mer garantéiere mussen, datt e System weiderfonctionnéiere kann? E System kann an dësem Fall jo och am Beräich Technik oder Natur oder Economie leien.

Sécher et ginn déi, déi direkt d'Äerm eropstrëppen an upaken an déi, déi e bëssi méi laang brauche bis se sech engagéieren. Et ginn där, déi ewechkucken, där déi sech a quokelege Situatiounen net trauen anzegräifen an där, déi de berühmten Helfersyndrom hunn a sech doriwwer bal selwer vergiessen. Wéi een als Mënsch selwer reagéiert, hänkt wuel ëmmer och dervun of a wéi enger Situatioun ee grad ass.

Ech ënnerstellen eis elo emol, datt mer alleguer ouni z'iwwerleeë schonn hei oder do eis Hëllef ugebueden a geleescht hunn, mol méi, mol manner opwenneg an engagéiert. An dofir denken ech, datt en an eis all dra läit, den Instinkt ze hëllefen, wann et ubruecht ass.

Hëllef ass awer net nëmmen en Thema, wann eng Katastroph se verlaangt, nee Hëllef gehéiert zum Alldag vu jidderengem. Heiansdo kann een hëllefen, mä heiansdo brauch een och Hëllef.

Dat ass mer e Sonndeg eréischt sou richteg bewosst ginn, wéi ech mech moies fréi op de Wee gemaach hunn an duerch déi verschlofe Stroosse gefuer sinn. Net vill Mënschen an Autoen si mer begéint an déi, déi mer entgéint komm sinn, hate bal all um Auto stoen, datt si berufflech ënnerwee waren. Ënnerwee fir deenen doheem ze hëllefen, déi net méi eleng mat allem eens ginn.

Hëllef kennt kee Weekend a keng Grenzen a mécht och keen Ënnerscheed tëscht berufflech a privat.

AUDIO: 21/11/2013 Apropos "Hëllef!"