Movember

Ech ginn et gär zou. Wann et ëm d'Raséiere geet, sinn ech liddereg.
Wou steet da geschriwwen, dass engem Mann säi Gesit muss sou glat si wéi eng brasilianesch Bikinizone? Grad elo am Wanter ass ee Vollbart jo ideal, well e waarm hält, an domadder hëlleft CO2 ze spueren. Fir e bëssen Ofwiesslung ze hunn hat ech mech d'läscht Woch mol rëm raséiert, a just e Schnauz stoe gelooss. Sou am Stil vun eiser Force Publique an den 80er. E Pornobalken. Een Ausseminister-Schnurres.
A prompt krut ech felicitéiert, dass ech mech géif um „Movember“ bedeelegen, dem „Moustache November“. Eng australesch ONG, déi och an Europa ëmmer méi Ennerstëtzer fënnt huet den November nämlech zum Mount géingt Männerkränkten ausgeruff, an dofir opgeruff, sech als Zeeche vun der Solidaritéit dee Mount ee Schnauz wuessen ze loossen. Wéi et schéngt maachen am angelsächsege Raum säit e puer Jore scho Millioune Leit do mat, déi meescht dovunner Männer. Ee Schnauz ze hunn ass also net méi alleng ee Retro-Moude-Statement, mee eng Ausso. An dësem Fall eng positiv, mee wéi wär et mat engem bësse méi laange Vollbart ? Op mannst déi vun der Security am Flughafen kéinten do méi wéi just eng harmlos Moud dra gesinn.
Wéini hunn ech mer nei Turnschlappe kaf, déi hu blo Stréckelen. Dat ass vläit schlechte Goût, mee sécher keng politesch Ausso. Oder ass et eng ? A menger Schoulzäit huet et geheescht, wäiss Stréckelen an den Doc Martens, dorunner géifen sech déi Rietsradikal erkennen, an u rouden déi vum lénke Bord. Vläit steet Blo mëttlerweil och fir eppes ? Sou wéi déi rosa Schläif fir Broschtkriibs steet, oder villméi dogéint, déi rout géingt Aids, déi wäiss géingt Gewalt, déi giel géingt Suizid, … gëtt et eigentlech nach eng Faarf déi net geholl ass ? Zum Gléck schéngt op d'mannst déi Moud mat de Silicons Armbännercher eriwwer ze sinn, do stounge jo déi wäiss géint Aarmut, déi gréng fir den Amazonas, an déi giel fir den Armstrong, Doping an Hodekriibs. Op d'mannst géingt dat läscht kann ee sech jo lo am Movember ee Schnutz wuesse loossen.
Nächste Mount muss d'Solidaritéit da rëm anescht ausgedréckt ginn. Wéi wär et zum Beispill mat engem bëllege „Like“ fir eng ONG op Facebook ?