Lissabon - en Appartement. Op Besuch bei Frënn, allen zwee mat héijem Schoulofschloss, also Akademiker, 1 Kand. Allen zwee am qualifizéierte Beruff – nach - a fir en Haus geet et nawell net duer, dofir en Appartement; ëmmerhinn um 17. Stack. An der Kichen wëll ech kucke wéi Lissabon vun uewen ausgesäit, dobäi hat ech vergiess, datt mer an engem Viruert sinn, an ausser Appartementshaiser aus de leschten 30 Joer ass näischt ze gesinn, jiddefalls näischt vun der fantastescher Alstad. Ech dréine mech vun der Fënster ewech an do erblécksen ech eng Schildkröt – oder Deckelsmouk. Knapps 4 op 4 cm wunnt se an enger Këscht sou grouss wéi e Kazebac. Iwwerrascht froen ech d'Frënn wou se déi dann hir hunn, am Fong eng iwwerflësseg Fro, a virun allem wat se mam Déier maache wann et grouss gëtt – woubäi ech näischt vun der Zopp soen un déi ech awer heemlech denken. Verwonnert eng Schildkröt op engem Quartier um 17. Stack ze begéinen, froen ech wéi grouss sou eng Schildkröt dann iwwerhaapt gëtt, an denken heemlech wuel un aartgerecht Haltung. D'Äntwert iwwerrascht mech nach méi: op ech da net wësse géif, datt Schildkröte sech hirem Liewensraum géifen upassen, a nëmme sou grouss ginn, wéi hir Fläch dat erlaabt. An dësem Fall wär Déier also schonns souzesoen ausgewuess.

Do denken ech direkt u Lëtzebuerg – net un eis lokal Deckelsmouk - dofir un eis Käpp, an ech froe mech op dem Lëtzebuerger säi Verstand net och proportional zu der Fläch ass, also dat eis geeschteg a kulturell Entwécklung sech deene gutt 2.500 Quadratkilometer ugepasst huet, a méi Courage, Innovatioun a Kreativitéit op sou enger Fläch einfach net méiglech ass... kuerz mir wieren schonns laang 'ausgewuess'. Resultat: de Lëtzebuerger ass prinzipiell dergéint a fréier wor alles besser an dofir soll et bleiwen wéi et ass – virun allem mir selwer.

Et gëtt een d'Gefill net lass den Tolkien, Auteur vum 'Lord of the Rings' wier heemlech zu Lëtzebuerg gewiescht, wéi soss ass et z'erklären, datt dëse grousse Schrëftsteller zu Oxford e Vollek erfënnt, also d'Hobbits, déi eis Lëtzebuerger gläiche wéi eng Drëps där aner, kulturell wuel verstan. Fir si wéi fir eis geet dach näischt iwwer Gaart an Heem. Och wann eist d'Ländchen nom 20. Oktober net méi grouss ginn ass, dofir awer sécher deem engen oder anere seng Loscht op Muer. A wie weess ob do net och e Bilbo derbäi ass, deen eng kulturell wéi geeschteg Entwécklung awer nach méiglech mécht!