Näischt verbreet sech méi séier wéi Rumeuren. Heiansdo geet et esouguer schonn duer, dass Leit en hallwe Saz enzwousch opschnapen, an d’Sensatioun dann direkt musse weiderginn. No de Quelle freet duerno natierlech kee méi, an op et wierklech stëmmt, wat gezielt gëtt, och net. Den Daniel Nepgen huet observéiert, dass dësen urale „modus operandi“ och am Internet funktionéiert. A mir falen all drop eran.

„De Bëttel“ zirkuléiert am Moment op „Facebook“. Et ass en Zesummeschnëtt vun Aussoe vun eisem zukünftege Premier, déi hien an der Emissioun „Background“ bei RTL op der Antenn gemaach hat. E seet do klipp a kloer: „ech ginn definitiv net mat an eng Regierung“. Hie wéilt keng „Mogelpackung“ sinn. Deen Zesummeschnëtt gëtt elo schonn deeglaang iwwer d’Netzwierker „geshared“, e gëtt äifreg kommentéiert, an „de Bëttel“ gëtt virun allem als Ligener ofgestempelt.

Mä mécht ee sech d’Méi, nozesichen, vu wéini déi Aussoe sinn? Ech kann iech et soen: vun Ufank Februar dëst Joer. Do war nach keng Rieds vu virgezunnene Wahlen, an déi richteg Ausmoosse vum SREL-Skandal waren emol nach net kloer ze gesinn. „De Bëttel“ seet esouguer nach am Matschnëtt, hie wier „2014 net gewëllt an d’Regierung ze goen“ … 2014. Haut wësse mir eigentlech, dass deen Horizont verréckelt gouf. An awer: hallef gelauschtert a monter geklickt, verbreet sech dës MP3, a muss als Beweis dofir hierhalen, d’Politiker géinge sech dréie wéi de Wand. Wat alles an de bal 10 Méint geschitt ass, déi zanter hier vergaange sinn, a wéi „de Bëttel“ dozou komm ass, seng Meenung ze änneren, gëtt konsequent ausgeblent.

Den „Homo Facebookus“ huet dausende „Friends“, ass vernetzt bis op déi aner Säit vun der Welt, mä en huet nawell den Tunnel-Bléck. Esoubal hie sech um Computer a säi Profil aloggt, steet de Computer tëscht den Oueren op „Standby“. Dobäi sinn esou „Rumeuren 2.0“ eppes Geféierleches. Villes huet den Uschäi vu Fakten, well et jo net nëmme weiderverzielt gëtt, mä schwaarz op wäiss um Ecran steet, oder als MP3 fir d’Éiwegkeet festgehalen ass. Aus Vergaangenheet gëtt einfach emol Géigewaart gemaach.

Den Ulf Ekberg vun der schwedescher Pop-Grupp „Ace of Base“ huet dëst Joer alt erëm op en alen Hutt misste reagéieren, dee regelméisseg erëm op de sozialen Netzwierker opdaucht. Als Teenager hat hie fir eng Zäitche Kontakt mat der rietser Szen. Hie gëtt net midd ze soen, dass hien deemools jonk an domm war. Dobäi huet hien elo 43 Joer. Mä d’Netz vergësst näischt. An aus dem Datesumpf ka jiddereen demokratesch dat erausfësche goen, wat him fir seng Zwecker déngt, an doraus eng Aktualitéit, e „Scoop“ maachen. Op den Daniel Cohn-Bendit gouf dëst Joer och erëm mat enger Geschicht agedrescht, déi scho joerzéngtelaang äiskale Kaffi ass. De Jürgen Trittin huet wéinst senger opgewiermter Geschicht wahrscheinlech d’Wahle verluer. Do goufen en plus nodréiglech carrément Fakte verdréint.

Och wann d’Quell net méi spruddelt, um Internet kann een de Krunn zu all Moment erëm opdréie goen.

Apropos: "De Bëttel" zirkuléiert