„Le meilleur d'entre nous“, hat de Jacques Chirac mol eng Kéier den Alain Juppé gelueft ...

... e puer Joer duerno ass dee veruerteelt ginn, wéinst krommen Tricker bei der Parteiefinanzéierung. Lo kenne mer se also, eis nei Chamber, an eis nei Regierung, déi hiert Vertrauen huet. D'Commentairen op RTL.lu, dem offizielle Forum vun der Lëtzebuerger Intelligentsiya, lafe bal iwwer vu fondéierten Analysen iwwer déi presüméiert, oft och nëmmen insinuéiert, Kompetenzdefiziter beim éischten an zweete Pouvoir am Staat.

Dobäi sollte mer eppes net vergiessen: déi 60 an der Chamber, an déi gefillt bal genee sou vill an der Regierung, dat sinn déi Bescht déi mer hunn. Wa mer Besserer hätten, da géifen déi do sëtzen.

Maache se awer net. Well mir hu keng. Et ginn der vläicht. Awer net bei eis, a wann, da wollten se net, dat heescht mir haten se net. Vun deenen déi mer haten hu mer déi bescht gewielt. Wann dat net stëmmt, dann hu mir se net méi all, kollektiv gesinn, a verdéngen et da souwisou net besser.

Firwat géife mer da wëllen, wa mer de Choix hunn, an deen hu mer, all 5 Joer, net just déi Bescht an d'Chamber schécken? Ah, sot der mir, dat ass, well vill vun de Wieler genee sou Toperte sinn, wéi déi Leit déi se gewielt hunn. Well an enger Demokratie den Job vum Deputéierten awer nun emol ass, seng Wieler wierdeg ze vertrieden, léisst och dat nëmmen eng Conclusioun zou: déi lo do setzen, sinn déi Bescht déi mer hunn. Well besser wéi een Topert ka wuel keen een aner en Topert vertrieden.

All Vollek kritt déi Chamber, an engem parlamentaresche System wéi eisem, domadder och déi Regierung, déi et verdéngt.

Wie gäre besser Politiker hätt, muss sech domadder offannen, dass dat heescht, dass en gären ee bessert Vollek hätt.

Ech si jo scho méi laang dofir d'Wahlrecht op Leit mat engem Bac+4 oder engem IQ iwwer 120 ze limitéieren. Dat géif der Saach hëllefen, mä wäert wuel ni geschéien, well et einfach ze vill Toperte mat Wahlrecht ginn, déi dat fir eng topeg Idee halen.

Wa mer als Vollek eis nei Chamber kucken, kucke mer an e Spigel. A wa mer dann éierlech mat eis selwer sinn, musse mer zouginn: et hätt nach vill schlëmmer kënne ginn.

Ech fir mäin Deel hu vollst Vertrauen an eis Deputéierten an eis nei Regierung, well ech weess, si maachen hiert Bescht,… an et sinn déi Bescht déi mer hunn.

AUDIO: 09/12/2013 - A propos - Déi Bescht déi mer hunn