Dezember, den irrelevante Mount

Da si mer lo also Dezember ... ee Mount voller Widderspréch.
Dat geet schonn u mam Numm. Dezember kënnt vum Laténgeschen „Decem“ fir Zéng. Mam julianesche Kalenner ass en zwar op d'Nummer 12 gerutscht, mee iergendwéi huet ni een dru geduecht en ëmzebenenn. Wahrscheinlech, well den Dezember souwisou bei allem vergiess gëtt. Dofir ass et och dee Mount, an deem et näischt ze maache gëtt, ausser de Portmonni, de Mo an d'Liewer ze kujenéieren.
Et hätt och guer kee Wäert am Dezember vill ëmzerappen. Alles wat dee Mount geschitt, ass irrelevant.
Den „Time Magazine“ seet eis schonn den 11. wien 2013 „Person of the Year“ war. Do kann den 12. Dezember ee kommen, an een Impfstoff fir Aids presentéieren, den Assad zur Demissioun iwwerrieden, eng gratis Alternativ zu Atomstroum erfannen, eis beweisen, wien de Bommeleeër war, a ganz alleng eng Millioun nei Beem an den Amazonas planze goen, … e géif an de Medie kee Präis domat gewannen, well fir 2013 ass et ze spéit, an fir 2014 nach ze fréi.
Eis Kollege vu Köln sinn do nëmme konsequent: RTLplus huet säi Joresréckbléck „Menschen, Bilder, Emotionen“ schonn den 1. Dezember gesent. Dem ZDF seng „Menschen 2013“ Show gëtt de 6. opgezeechent.
Méi no bei eis huet d'Wort souguer schonn am November d'Wuert vum Joer gesicht. Wann dem Maître Vogel seng verbal Kreatiounen an deenen nächste Woche manner inspiréiert sinn, da wësse mer firwat.
An de Firmen ass et net besser. D'Evaluatioune sinn souwäit duerch, de Bilan ass gezunn, an alles wat nach ze maache bleift, sinn d'Joresofschlossfeieren, fréier och mol Chrëschtfeiere genannt.
Wien elo nach d'Äerm ropstrëppt ass selwer schold. Verluere Méi. Verschwonn am schwaarze Lach ronderëm d'Feierdeeg.
Souguer d'Museker hunn dat verstan. Och 2013 wäert den Hit vum Joer wuel éischter en Hit vun de Méint Januar bis November ginn. Wann net souguer just vu Juni bis Oktober. U virdrun erënnert sech souwisou kee méi, a wat duerno koum, ass nach ze nei am Ouer. Den Dezember, ee Mount, deen ee sech spuere kéint. Mee Stop!
Ouni 12. Mount géif et wuel och keen 13. méi … an ouni dee misste verschiddener vun eis op eemol wierklech nach spueren ...