Nostalgietrip?

E fänkt un al ze ginn, oder e gëtt kannereg, de Fernand Mathes an déi gutt al Zäit...
Wéi sot de René deslescht: et gëtt een heiansdo méi al!
Viru genee enger Woch huet den Zoufall mech erëm dohi gefouert, wou de Kleesche fir d' Läscht bäi mech komm wor, virun enger hallwer Éiwegkeet, versteet sech! Ech wor do, wou ech meng wonnerbar Kandheet verbruecht hunn. Net datt ech net regelméisseg duerch déi Uertschaft géing fueren, ma ech hunn de Kapp net méi richteg drop gestallt, well ech duecht et wier souwisou alles verschwonnen, alles verbaut, ëmgeleet! An zum Deel stëmmt dat och, well do wou ech meng schéinst Stonne verbruecht hunn, geet Haut d' Autobunn derduerch a lénks dervun ass eng Industriezon, jee ech duecht et wier näischt méi Rescht vu menger klenger heemlecher Welt vun deemools. Ech hat mech fatzeg geiert. Vun dem Gebai aus, wou ech eppes ze dinn hat, huet een op déi Plaz gesinn, wou mäi Papp senger Zäit säi Gaart hat. Dat ass esou eng Sträif Land, vu Gaart an Heem, wou d' Leit e puer Ar haten, wäit ewech vum Schoss, ower mat enger klenger Häipchen drop fir d' Geschir ënner Daach ze stellen a fir sech alt mol ze wiermen.
Ech hu mengen Aen net getraut, well ech fielsefest iwwerzeegt wor, dat Ganzt wier dem Äerdbuedem gläich gemaach ginn, wéi se d' Autobunn gebaut hunn. Ma neen, wéi eng kleng Oas steet déi kleng Siidlung nach do an ech hu mer et net huele gelooss a si bis dohi getrëppelt. Wéi wann een d' Zäit ugehalen hätt, d' Klunschel, wou ech als Bouf Stonne laang drop geturnt hunn, onverännert; dat klengt Gebai, wou alt Feieren ofgehale goufen, a wou de Kleeschen sech och alt hi verlaf hat, zwar liicht delabréiert, ma et steet nach. An dann d' Gäert! Méi en trauregen Ubléck, et sinn der net méi vill an der Rei, ma et wor wéi wann ee mech wéilt tréischten, mengem Papp säi klengen Univers ass picobello ënnerhal an ech erspueren iech, wat alles a mer héich koum, wéi ech derduerch getrëppelt sinn. Firwat erzielen ech iech dat iwwerhaapt? Ech mengen, ech krut läschte Mëttwoch eng kleng Lektioun. Ech si keen Nostalgiker an ech schwäermen net vun der gudder aler Zäit, ma ech hu meng Wuerzelen erëm gespuert an dat huet richteg gutt gedoen. Ech hu geléiert, datt een sech dem net soll verspären, datt een dat soll zouloossen, well een Haut wéi deemools kann dervu léieren.
An de Kleeschen? Deem sinn ech net méi begéint, ma gleeft mer, och wann ech Haut net méi un hie gleewen,... ech wor richteg frou mat him!