Firwat Männer net nolauschteren a Fraen net parke kënnen, huet emol e Bestseller vru Joeren geheescht! Dat kléngt no Cliché, mä am Gehir spillt sech vu Geschlecht zu Geschlecht alles anescht of- beweist elo eng Etude, Christiane Kremer:

Wa Fraen a Männer denken, dann aktivéieren se alle béid hiert Gehir, den Zentrum vum mënschlechen Denken. Datt Fraen a Männer awer net ëmmer d'selwecht denken a reagéieren, dat ass gewosst a gehéiert zum éiwege Clinch oder zu der éiweger Ausernanersetzung tëscht béide Geschlechter. Woubäi Ausernanersetzung an dësem Fall net fir Sträit steet. Sech unenee reiwen, bréngt bekanntlech Energie an déi kann een duerchaus positiv notzen.
De Grond firwat Männer menge Frae wieren ze emotional a Frae menge Männer wieren ze pragmatesch, schéngt definitiv am Kapp ze leien. Fuerscher hunn elo eng Etude publizéiert, déi beleeë soll, firwat Männer dat wat se ophuelen, besser kënne koordinéieren an hiren Handlungen a firwat Fraen analytesch an intuitiv hir Informatioune besser kënne kombinéieren.
De Grond ass, datt bei Fraen déi lenks an déi riets Gehirhalschenten méi matenee vernetzt sinn. Bei de Männer ginn et dogéint méi Verbindungen an den eenzele Gehirhalschenten.
Domadder kann dann och wëssenschaftlech eventuell erkläert ginn, wat scho laang an Etuden erauskomm ass. Fir et reng praktesch auszedrécken: Frae bewäerten, wat se gesinn an ophuele mat de rietser an der lénker Gehirhalschent a Männer just mat der rietser.
Eng Etude vru Joeren hat erausfonnt: datt Fraen an engem Raum Kategorië feststellen, wéi wou uewen an ënnen ass, bannen a baussen, hannen oder vir. Männer dogéint kënne besser koordinéieren an z. Bsp. genee Distanzen erkennen tëscht de verschiddenen Objeten. Koordinéiert gëtt am rietse Gehir, kategoriséiert am lénke Gehir. Do wou och de Sproochzentrum leit. Dat ass och de Grond firwat Fraen dann och kloer an däitlech soen an ausdrécken, wat se gesinn a wéi se wat fannen.

Lo schénge mer dann den anatomesche Grond derfir ze kennen. Dofir dir Hären, wa mir Frae vill schwätzen, ass dat just, well mer am Kapp sou gestréckt sinn an direkt kategoresch soen wat mer denken a fillen.

An dofir dir Dammen duerfe mer den Hären et net iwwel huelen, wa se net direkt eppes iwwer eis nei Garderobe oder Frisur soen. Si mussen dat fir d'éischt emol koordinéieren.

AUDIO: 04/12/2013 Apropos "Wa Fraen a Männer denken"