Et kann een net alles kréien - dee Saz gëllt och haut nach ëmmer, souguer um Virowend vu Kleeserchersdag. Obwuel ... Gibbes Bertolo

Am Fong geholl si mer jo alleguerten elauter kleng oder och grouss verwinnte Gissercher. Alles, wat mer gär hätten, kréie mer. Am Prinzip. Oder looss mer soen: Et steet zu eiser Dispositioun. Mir brauchen et nëmmen ze wëllen, wa mer dat dann och ... wëllen. Äerdbier am Dezember? Schockelas-Eeër am September? Glühwäin am Juni? Iergendwéi an iergendwou kënnt een ëmmer op seng Käschten. Nach séier eng Baguette oder e Bouquet Blummen no Feierowend? Keen Thema, anengems kann ee jo och nach kuerz tanken. Beim Metzler (also bei deem, wou ech dës Lescht war) louchen e puer nawell ganz appetitlech asiatesch "Frühlingsrollen" an der Vitrine. Timbere ginn et do, wou een Zeitungen an Zigarette ka kafen, den Espresso schluppt ee beim Coiffeur, Häerz wat begier s de. Esou eent kritt ee jo zum Gléck schonn zanter bal 50 Joer nei agebaut, wann dat aalt net méi gutt klappt. Awer nei Nuesen, Lëpsen oder aner Artikelen aus ëm Kierperkatalog gehéiere mëttlerweil och schonn zum Alldag, resp. op eise Wonschziedel.

Dir kuckt gäre brasilianesche Football? Do braucht der net bis Juni d'nächst Joer ze waarden, eng Schossel op den Dag an da ka gezappt ginn. Dir sicht ieren en aalt Holzfaass als Dekoratioun fir de Wäikeller? Do braucht der kee Wënzer ze kennen, e puer Mausklicken, eng Kreditkaart an zwou Wochen drop kënnt et an d'Haus gerullt. Jo, dat alles kënnt eis, am Sënn vum Wuert, immens entgéint. Mä hätte mer et och gewollt, wann d'Offer net do gewiescht wier?

Mir kënnen alles erreechen a sinn ëmmer z'erreechen. Oder ginn et wierklech nach Hotelszëmmeren ouni Wifi an Autoen ouni Navi?

Mir liewen nun mol an eiser rasanter a multifunktioneller Welt, déi mer eis selwer opgebaut an operluecht hunn. Näischt schwätzt dogéint. D'Liewen ass méi einfach a komplizéiert ginn. Heiansdo hat et awer e gewëssene Charme, wann een net alles ëmmer an iwwerall konnt kréien, mä just dovunner gedreemt huet. Oder gehofft huet, de Kleesche géint et vläicht bréngen.

Wéi agreabel war dach do dee Moment, deen ech leschte Weekend um Stader Chrëschtmäertchen op der Plëss hunn dierfen erliewen. Mäi Meedche wollt Fritten. Där goufen et awer néierens. Eisekuch, Kniddelen, Grillwurscht … awer Fritte kritt een hei net. Aus wéi enger Ursaach och ëmmer. Zum Gléck kann ee sech awer net alles kafen. Mir hunn et op alle Fall erlieft an iwwerlieft. Geet dach!