Heiansdo steet ee vrun enger Decisioun an et iwwerleet ee laang hin an hir, wat elo maachen. Dobäi kann och alt e Sprach engem beim Choix hëllefen, Christiane Kremer.

Wann ee weess, wat ee wëll, fënnt een ëmmer Weeër.
Wann ee weess, wat een net wëll, fënnt een ëmmer Grënn.

Dës zwee Sätz, déi sou no uneneen hänken, hunn ech de Weekend an engem Gespréich opgegraff a si hu mech nawell vill beschäftegt. Mä wat an der Theorie kloer ass, kascht an der Praxis awer e bëssi Iwwerleeung.

Gëschter Owend hat ech an enger, am Fong banaler, wann och lästeger Situatioun, d'Geleeënheet mol auszeprobéieren, wéi mat deem duebele Saz ëmgoen.

Ech war op engem längeren Heemwee a stoung op eemol um fréie Sonndegowend an engem Stau. En Accident hat d'Strooss, op där ech ënnerwee war, komplett blockéiert, et ass net méi hannerzech an net méi vijenzeg gaangen. Eng Zäitche laang houl ech dann an der Däischtert an hu just d'Luuchte vun den aneren Autoe vir an hannendru gesinn, déi grad sou blockéiert waren. Iergendwann koum dann d'Nouvelle um Radio, datt d'Strooss an déi zwou Richtunge gespaart war. Wéi laang sot keen, wosst wuel och keen. Lues a lues hunn d'Autoe ronderëm d'Kéier gemaach a sinn an déi Richtung gefuer, aus där se koumen.

Ech war mer net sou sécher wat maachen, well ausser der Streck selwer hunn ech mech op där Plaz net gutt auskannt.

An du ass mer de Saz nees agefall: Wann ee weess, wat ee wëll, fënnt een e Wee- wann ee weess, wat een net wëll, fënnt ee Grënn.

Jo, wat dann elo: wollt ech en anere Wee sichen a virukommen? Oder wollt ech kee sichen, well ëmmer gesot gëtt, et wär méi geféierlech op Strecken, op deenen een net kënneg ass. E Wee fir weider gouf et sécher, Grënn dogéint och.

Elo hunn ech also nach just musse wëssen: wëll ech oder wëll ech net? Do ass mer keen Zaubersaz agefall, dee gehollef huet.

Allerdéngs wosst ech wat ech onbedéngt wollt: sou séier wéi méiglech heemkommen.

Iergendwann hunn ech mäi Courage an déi zwou Hänn geholl, d'Kéier gemaach a sinn dunn iwwer Niewestroossen an duerch eng Rëtsch Dierfer gefuer, bis ech iergendwann nees op der Haaptstrooss ukomm sinn, do wou kee Stau méi war.

Zäit huet et kascht- jo, mä am Radio soten se dunn op eemol: d'Strooss wier nach ëmmer a béid Richtunge gespaart.

Gutt, duecht ech, wann ee weess wat ee wëll, fënnt een ëmmer e Wee.

Och wann ech muss zouginn, datt et éischter d'Madame am Navi war, déi de Wee fonnt huet.

AUDIO: 10/12/2013 Apropos "Wat ee wëll a wat een net wëll"