Chrëschtzäit ass Filmzäit – och Dir huet bestëmmt e perséinleche Klassiker oder Liiblingsfilm ronderëm d'Feierdeeg. A mengem geet et ëm en alen Mann deen am Fong alles huet – vum Schlass bis bei e Setz am House of Lords – an awer mat näischt a kengem zefridden ass, a vun Moies bis Owes knoutert a granzt. Um Enn vun sengen Deeg wëll en seng Successioun preparéieren an muss wuel oder iwwel séin Enkel op d'Schlass huelen. Dësen bréngt et natierlech - wéi sou oft am Film - am Nu fäerdeg den alen Granzsak souzesoen emotionell ze reaniméieren. Grondlag vum Film ass dem Frances Burnett séin Roman „Little Lord Fauntleroy“ aus dem Joer 1886, eis besser bekannt als „der kleine Lord“, net zulescht wéint sengem Kultstatus um däitsche Fernseh. Zënter 1982 gëtt dem Ceddie seng Geschicht all Joers gewisen, dëst Joer fir 32. Kéier, Freides den 20. Dezember um 20h15, do wou en mat engem Aen schonns genuch gesäit!

Chrëschtzäit ass och Kaddoszäit. Enges Daags wëll den alen Earl dem zukünftegen Earl weisen wat en alles kritt – den Dag wou hien – den Alen - stierft. Si stinn op engem Hiwwel a kucken iwwert eng bal onendlech grouss Propriétéit. Iergendwou hannen am Bild dämpen e puer Kamäiner an de Bouf freet wat et domadder op sech hätt. 'Hmm' mengt säin Bop, dat wier 'Earls Lane' – do wou séin 'Gesinde' – eng besser Form vun Sklaven – géife wunnen; wier awer selwer schonns 20 Joer net méi do geweecht. Da wëll de klenge Ceddie direkt nohuelen, an op der Platz ukomm bidd sech deenen zwee e Bild vun Dreck a Bulli, dertëscht iwwerall Misère. Do fält ze guer dem Earl Senior op dat et falsch wär sech net dorëms ze këmmeren, an invitéiert déi zukünfteg Generatioun d'Saach besser ze maachen, respektiv méi verantwortungsbewosst ze sinn wéi hien e selwer wär.

Eisereen kuckt jo och gären ewech - besonnesch während den Feierdeeg. De Klengen hir Spillsaachen an de Groussen hir Chrëschtbullen kommen jo vum Nordpol oder direkt aus dem Himmel. Un déi Etapp virdrun, also do wou weder Kollektivverträg nach Mënschen- a Kannerrechtskonventiounen agehalen ginn, vun engem Mindestloun an Index guer net ze schwätzen, un déi gi mer am léifsten net erënnert. En klengen Don bei enger ONG berouegt vläicht Gewëssen, ass fir de Rescht awer just eng Drëps op e Steen, deen nach laang dierft wärem bleiwen.

Nodeems gëscht Amnesty opgeruff huet de Mënscherechter ze gedenken, a symbolesch eng Käerz unzefänken däerf en awer net vergiessen och konkret eppes unzepaken. Well den Happy End fir jiddereen – dee gëtt et bis ewell exklusiv nach ëmmer nëmmen an der Phantasie, egal ob Film oder Buch! Firwat géife mer se wuel soss all Joers op e Neits kucken a liesen?