Steet e schonn, äre Beemchen? Hutt der schonn eng mat der Dänn, sou wéi d'Traditioun et verlaangt? Mat e bëssen Distanz kann ee sech Froe stellen… fir d'Gebuert vun engem Bouf viru ronn 2000 Joer an der palästinensescher Westbank ze feiere stelle mir eis ee Bam an d'Stuff, an hänke Geschir drop. Wéi et schéngt geet de Brauch op eng Idee zréck, déi se am 16. Jorhonnert zu Riga a Lettland haten. Allerdéngs hätten se do no Chrëschtdag de Bam op der Maartplaz verbrannt. Eng witzeg Idee eigentlech, wann et geplangt ass, an net duerch ee Kuerzschluss an der Liichterkette geschitt. Dat géif sech ausserdeem ideal mat Buergbrenne verbanne loossen.

Wann ee muer engem Ausserierdeschen eis Traditiounen erkläre missten, dee géif domm kucken. Firwat eng Dänn ? A Palästina wuessen dach just Olivebeem. A la rigueur vläicht nach eng Palm ? Oder, fir méi no bei eis ze bleiwen, eng Bierk oder een Nëssert. Wa mer dat net anescht gewinnt wäre, géif dat net manner absurd ausgesi wéi déi Dännen iwwerall. Wat d'Bulle betrëfft, sou hu mer do d'Traditioune jo scho mol e bësse moderniséiert. Well däerf alles um Beemchen hänken, ausser et ass lieweg.

Ech gi mol dovunner aus, dass dat déi nächst Niche wäert sinn, an déi d'Hiersteller vu Luxusklimpi wäert virstoussen. Dat ka jo net sinn, dass d'Leit sech nach ëmmer sou No-Name-Nolen matheemhuele géifen, wann et déi och vun Herpes, Gussi oder Lakoscht kréie kéint. Da kéint een de Bam mol endlech passend an der selwechter Marque akleeden, wéi d'Kanner an den Hond.

Mee firwat eigentlech ee Bam ? Firwat net, fir dem Jesus seng Gebuert ze feieren, eng Krëpp an all Stuff -da géifen am Dezember an all Butteker Botten Hee verkaf ginn-, oder, an enger méi moderner Versioun, e symbolesche Kannerwon. Dat géif natierlech e bësse komesch ausgesinn, op der Plëss, ee faarwege Kannerwon vu fënnef Meter, mee och dat wär wuel just eng Fro vun der Gewunnescht. D'Frënn vum Bam kéinte jo ëmmer nach een aner Feierdag op hir Käschte kommen, zum Beispill Ouschteren. Well een Ouschterbam wär kaum manner absurd wéi een Chrëschtdagshues. An et wéisst een dann och endlech, wou een déi faarweg Eeër hinhänke kéint...