High Tech Vs. Low Tech

Wie sech hautdësdags en neie Computer keeft, dee kënnt net derlaanscht fir sech och en éierbaren Anti-Virus Programm mat dobäi ze huelen. Trojaner, Virus oder Backdoors, et kann een sech esou munches um Netz afänken! An natierlech hannerléisst all Online-Aktivitéit hir Spuren a wien net wëll dass en Dokument an déi falsch Hänn, respektiv op dee falsche Computerschierm geréit, dee muss sech eppes afale loossen. Dat huet och elo de russesche Geheimdéngscht gemaach, wuel als Reaktioun op dem Edward Snowden seng Revelatiounen.
Hir Léisung? En neie superperformanten Firewall? Eng revolutionaire Verschlësselungstechnik?
Nee, zu Moskau hunn se elo…Schreiwmaschinne stoen. Dorun dierft sech dann och dee cleversten Hacker d’Zänn ausbäissen… En plus sinn se 100% resistent géint op all Computervirus!
Dass Low-Tech heiansdo d’Nues vir huet, dat weess och jiddereen den schonn emol Problemer mat enger ferngesteierter Garagepaart hat… oder wann de Stroum ausfällt an et muss ee stënterlech e puer Käerzen erauskromen..
An deene Momenter gëtt eis bewosst wéi wichteg d’Technik an eisem Liewe ginn ass…a wéi staark méi vun hir ofhängeg sinn. An, natierlech och dass modern Technologien wéi den Internet net nëmme vu feine Leit benotzt ginn, dat Wuert Cyber-Kriminalitéit huet leider mëttlerweil eng fest Plaz an eisem Vocabulaire fonnt.
Dat heescht net, dass mer elo all eis Computere verschrotte sollten, mä et sollt een sech awer bewosst maachen dass och eis schéin nei Welt alles anescht wéi perfekt ass.