D'Chrëschtdag steet vrun der Dier...an och d'Joëlle Muller wollt e bësschen Chrëschtdekoratioun ëm sech hunn...

...ech mengen Dir kennt de Problem och, oder Dir hutt Iech besser organiséiert wéi ech..

De Weekend wollt ech och e bësschen Chrëschtstëmmung an a rondrëm d'Haus....
voller Elan a Virfreed op Chrëschtdag hunn ech d'Këschten mat Deko, Luuchten a soss Brauchbares gesicht..ech hu se och séier rëmfonnt..

D'Liichtercher fir vrun d'Dier un d'Buxussen ze hänken waren direkt an där éischter Këscht...mä...o nee, déi hat ech d'lescht Joer wahrscheinlech an der Hetz agepaakt, well et war eng eenzeg Wull...ok, et hëlleft alles näischt, déi Bull mat Liichtercher huet missten auserneen, Gewalt huet do net gehollef, ech hu jo missten op d'Bieren oppassen...

3 Guirlanden mat Liichtercher hate sech aneneen verwurrelt, a lo huet et geheescht de Kabel ënnenduerch,de Kabel uewenduerch, an rëm zréck well et einfach net weider gaangen ass. Spéitstens lo war et mir leed datt ech mer d'lescht Joer net vill Zäit geholl hat fir alles anstänneg opzewéckelen a ewechzeraumen..

No 1 gudder Stonn Aarbecht a Fluchen hat ech déi 3 Liicherketten auserneen a stolz wéi Oscar hunn ech se do gehaang wou ech se wollt an, d'Kabelen an de Keller gezunn, alles ugeschloss...an...vun deenen 3 Guirlanden waren der 2 futti, net eng Bier huet geliicht. Do ass bestëmmt just e Wackeler dran..ech hunn un de Bieren gedréint a gemaach a gedoen, näischt, ech krut net eng un d'Goen..

Hätt ech dach nëmmen virdrun probéiert, se an de Stecker gestach fir ze kucken op se nach géingen..nujee...déi 2 futtis Guirlanden rëm vun de Beem erofgeholl, an d'Këscht fir op de Recyling gedruddelt an d'Gedold war zimlech um Enn..

Lo nach de Chrëschtbeemchen, d'Bullen drun, d'Liichtercher drun an da ka Chrëschtdag kommen..awer dat ass dann fir de nächste Weekend...an dës Kéier stiechen ech d'Liichterketten fir d'éischt an de Stecker ier se un de Beemchen hänken...an d'Chrëschtëmgeréits gëtt op Dräikinneksdag richteg propper agepaakt a net méi esou wéi dëst Joer... an deem Sënn: eng schéi Chrëschtzäit..

AUDIO: Apropos