Et bleift net méi vill Zäit, fir Leit, déi schonn alles hunn, ee Kaddo ze fannen, dee se net brauchen. Net nëmmen d'Traditioun verlaangt et esou. Deiere Klimpi ënnert dem Beemchen ass patriotesch Biergerpflicht. Eis Butteker brauchen den Ëmsaz, an de Staat d'TVA. Op lo offline oder online ass egal, well dank Amazon verdénge mir -am Moment mol nach- souguer da kräfteg mat, wann a däitsche Logistikzentre vun ënnerbezuelten Zäitaarbechter Päck mat chinesesche Produite queesch duerch Europa verschéckt ginn.

Den Online Handel schléit all Joer nei Rekorder. Ëmmer méi Leit gesinn déi traditionell Butteker wéi eng grouss Vitrine, do gi se sech d’Produiten ukucken, fir se dann um Internet ze bestellen. Op se do wierklech méi bëlleg sinn, sief mol dohi gestallt; wat zielt, ass d’Gefill eng gutt Affär gemaach ze hunn. An enger Ëmfro an den USA hunn 39% vun de Leit uginn, dass se, wann se ee Produit scho kaf hunn, an deen da soss iergendwou méi bëlleg gesinn, deen éischten duerchaus rëm zeréckginn, an op där aner Plaz nach emol kafen. Iwwerdriwwene Konsumenteschutz mécht et méiglech.

Wat een net méi zréckzebréngen däerf, oder wëll, kann een ëmmerhin awer weiderverkafen. Ech gi mol dovunner aus, dass ee gudden Deel vun de Produiten op Ebay am neie Joer recycléiert Chrëschtdagskaddoe sinn.

Kee Wonner, dass deemno schonn iwwer d'Halschent vun den Amerikaner nach just Kadosbonge verschenken. Dat ass e bëssen sou wéi Geld, just manner flexibel. Bonge passen an eis Zäit. Et brauch ee sech keng Gedanken iwwer déi Persoun ze maachen där een eppes schenke wëll, fir ze wëssen, op et passe kéint. An et kann een sécher sinn, dass eppes kaf gëtt, an d'Geld net zum Beispill einfach op engem Spuerbuch verschwënnt. Sou Bongen hunn ausserdeem de Virdeel, dass d'Kanner endlech ganz präzis moosse kënnen, wien an der Famill am frouste mat hinnen ass. Well wat ass schonn ee mat vill Léift selwer gestréckte Pullover, dee souguer op Ebay näischt wäert ass, géingt ee Bong fir een neit Computerspill ? An deem Sënn : Schéi Feierdeeg an Hohoho ...