Alles an d'Tut

Entwécklungslänner erkennt een dorunner, dass an a ronderëm, d'Stied an d'Dierfer alles voller Plastikstute läit. Op Asien oder Afrika, op de Felder, an de Grief, op Straicher ... iwwerall flatteren se. Do ass keen, dee seng Ökotut vergiess huet, do hu se einfach nach keng. Op de Mäert kritt ee keng ze kafen, an déi aner brauch een net ze kafen, déi ass am Präis mat dran. An sou gëtt alles, vun der Schrauf iwwer d'Schong zu de Banannen, an eng Tiitche gepaakt.
Bei eis wuessen d'Kanner längst op mam schlechte Gewëssen a mam Wëssen, dass dee Plastik eng Liewesdauer huet, déi hir eege laang iwwertrëfft, dass déi Tuten iergendwann am Mier landen, an de Flipper drun erstéckt. Iwwer den CO2-Bilan kann ee streiden, mä beim Flipper hält de Spaass op. Dat huet och d'Europäesch Kommissioun erkannt. Wann et no hirem Wëlle geet, wäert ee Plastikstuten an Europa geschwënn nach just am Musée fannen, an de Kollektioune vu moderner Konscht. Ob dat lo wierklech néideg ass, sief mol dohinner gestallt. Ech woen ze bezweiwelen, dass vun deenen Tuten, déi zu Lëtzebuerg an den Ëmlaf kommen, der vill de Wee op d'belsch Côte, an vun do an d'Mier fannen, a géif mol drop wetten, dass se bal all ee fréien Doud op Plaze wéi der Sidor erliewen.
Wéini war ech am Lager vu enger Firma, déi d'Distributioun mécht vu sou Saachen, fir op d'Brout ze schmieren. Dat ass a Plastiksbechere verpaakt, déi hunn ënnert dem Deckel nach eng plastifizéiert Versigelung, dass de Consommateur och gesäit, dass nach kee virdrun dra piddele war, déi sinn zu 12 an engem Carton verpaakt, deen ass ronderëm mat Plastik verschweesst, an déi Cartone stinn op Paletten, déi mat Plastik agepaakt sinn, dass ënnerwee näischt eroffält. Dat ass zimlech vill Plastik, och ouni d'Plastikstut an där de Client se mat heem hëlt, an déi aner Plastikstut, an där hien den eidele Produit herno ewechgehäit.
Bei eis flattert vläit manner Plastik iwwer d'Strooss wéi an der Drëtter Welt. Eis Obsessioun mam Plastik ass trotz der Ökotut awer net méi kleng wéi do.