Was gucks du?

Fir d'Presse war et wéi Niklosdag no Chrëschtdag. Fir d'Joer gutt unzefänken hunn d'Leit ronderëm den Edward Snowden d'lescht Woch alt erëm e puer Dokumenter aus hirem grousse Sak geholl, aus deenen ervirgeet, wéi d'NSA, den Amerikaner hir national Schnoffelagence, och bei eis an Europa a friem Computeren abrécht, an d'Leit ausspionéiert. Domatter dierft d'NSA zesumme mam SREL zu deene wéinege Geheimdéngschter gehéieren, un deene gläich guer näischt méi geheim ass. Dank dem Edward Snowden ka mëttlerweil all normal Stierflechen sech geheim Powerpoint-Slides eranzéien, wou erkläert gëtt, wéi de Geheimdéngscht, wéi en nach geheim war, am Geheime geschafft huet, an ëmmer nach schafft.
Op eemol mierkt een, de Cousin, mat deem ee sou frou war, ass eigentlech e komesche Kauz. Dee kënnt net nëmmen, wann en invitéiert gëtt op ee Familljefest, dee kënnt och soss mol, wa keen doheem ass, a geet duerch d'Schief an d'Tiräng, triwwelt un der Ënnerwäsch, richt un de Strëmp a wullt an der Dreckskëscht. Lo hu mer en dobäi erwëscht, reegen eis e bëssen op, hie versprécht, net méi an d'Tiräng ze goen, nach just an d'Schief, mir wëssen all, et ass net wouer, maachen awer wéi wann, an invitéieren en, wéi wann näischt geschitt wär, op dat nächst Familljefest. An nom drëtte Patt, iwwert der Bowle, wann d'Tatta aus Frankräich grad ewech kuckt, da froe mer awer mol, op där hir Strëmp eigentlech och sou sténke wéi eis. Anscheinend geet de Cousin aus England alt mol mat op den Tour, an deen huet scho selwer däerfen dru richen. Si hätte souguer een Archiv mat Strëmp, mat an ouni Lächer.
Mä dat ass net alles; wéi et schéngt, hunn déi zwee och bei e puer aner Membere vun der Famill Kameraen an der Dusch installéiert. Si versécheren eis awer, dass dat bei eis net de Fall ass, a wa mer se ieren awer fannen, da verspriechen se eis héich an helleg, dass se just da gekuckt hunn, wa mir d'Schwammbox unhaten oder grad en Abriecher ënnert eiser Dusch stoung. Alleng dorëm géif et jo och goen. Och doriwwer reege mer eis ganz schrecklech op, iwwerleeën eis souguer, ob et net besser ass, lo ëmmer am Däischteren ze duschen, mä sou richteg mat hinne motze wëlle mer dann awer net.
A während eise SREL sech nach ameséiert, eng ominéis CD ze entzifferen, hu se bei der NSA vläit souguer e Film vum Gespréich. Et huet nach just kee sech getraut, op de Lampertsbierg froen ze goen ...