Am Zäitalter vum Diktat vum Geld – egal op propper, schwaarz oder schonns wäiss gewäsch – kënnt d'Wourecht ëmmer ze kuerz. Gëtt se dann awer ugeschwat, dann ass och d'Wourecht zu engem knallhaarde Geschäft gi mam Zil: ofzelenke vum eigentlechen Thema.

Sou d'lescht Joer a Syrien: D'Fro, wien dann elo responsabel fir déi fuerchtbar Gëftgasattacke soll gewiescht sinn, huet eigentlech soss näischt wéi vun der fundamentaler Fro ofgelenkt: Wéi sou eppes iwwerhaapt nach ka geschéien a wie sech breet klappe léisst, bei sou eppes matzemaachen. A virun allem, wie baut dee Krom - fir net un e berühmt Lëtzebuerger Zitat ze erënneren: "Et kann net kee gewiescht sinn." Kuckt een, wie sech dach ganz schnell fonnt a bereet erklärt huet, de gëftege Buttek ze entsuergen, dierft déi lescht Fro sech wuel vum selwe beäntwert hunn.

Och déi national politesch Bühn huet d'Geschäft mat der Wourecht a leschter Zäit vill beméit, fir laanscht déi eigentlech Froen ze kommen. Sou gouf an den Affäre SREL a Bommeleeër bis ewell vill Energie drop verschwent, no der Wourecht ze sichen – fir endlech e Verantwortlechen an e Schëllegen ze hunn, fir datt erëm Rou an de Buttek soll kommen. D'Fro, ob mer duerno da weider maache wéi virdrun an erëm jidderee seng Klatz kann dréinen oder ob mer endlech bekäppt hunn, d'Fanger dovun ze loossen – vun där konnt bis ewell och dës Kéier gutt ofgelenkt ginn – souzesoen dat modernt Kärgeschäft vun der Wourecht: ze wëssen, ween et war, fir laanscht d'Fro ze kommen, wéi sou eppes iwwerhaapt méiglech ass, och oder grad am Rechtsstat.

Vläicht läit d'Ursaach jo och grad am System vun engem Rechtsstat. Ëmmerhi woren et d'Sophisten, déi aus der juristescher Logik e Geschäft gemaach hunn a sech fir d'Gewanne viru Geriicht bezuele gelooss hunn – woumatter d'Léien en éischte Beruffsstand erfaasst hat. De gudde Sokrates huet dës Praxis deemools schonns hannerfrot a seng Matbierger ëmmer erëm opgeruff, sech net Blenden ze loossen an d'Fro vum richtege Liewen ëmmer virun Aen ze halen.

Eng Fro, déi sech Lëtzebuerg, nodeems mer de Ligen all midd sinn, och vläicht erëm traut ze stellen: Wéi soll e gutt a richtegt Liewen heiheem dann ausgesinn?