Ass déi besënnlech Zäit elo eriwwer?

Den Alldag ass nees do - d'Chrëschtvakanz ass eriwwer an d'Christiane Kremer stellt sech d'Fro, ob domatter och déi sougenannte besënnlech Zäit eriwwer ass.
„Besënnlech“ - dacks kënnt de Begrëff engem wéi eng Floskel vir, déi vrun de Chrëschtfeierdeeg ganz gär gebraucht gëtt, besonnesch wann ee seng Wënsch verschéckt, ob traditionnell mat Postkaarten oder méi trendy mat Mail oder SMS oder iwwer d'sozial Netzwierker. De Begrëff „besënnlech“ taucht ëmmer op. Mä erfëllt en an enger Zäit, an där déi chrëschtlech Bedeitung fir vill Leit net méi prioritär ass, eigentlech nach säin Zweck?„Besënnlechkeet“ gëtt ëmmer gär op de Glawe reduzéiert, dobäi ass dat wuel just een Aspekt vum Begrëff. Besënnlechkeet kann een ofleede vun: sech besënnen, e Sënn sichen, sech op seng Sënner beruffen. Mä éierlech, brauch een dofir e Fest wéi Chrëschtdag oder ass dat net en Exercice, deen ee regelméisseg emol soll maachen? Dat muss jo net ëmmer eng intensiv psychologesch Ausenanersetzung mat sech a sengem Liewe sinn, mä vläicht einfach e puer einfach Froen iwwer dat, wat ee mécht oder wat ee brauch oder wat een intresséiert. Oder dat, wat ee fir anerer ka maachen oder vun hinne ka léieren.
A wien sech déi Momenter heiansdo hëlt, dee vergonnt sech domadder eppes, wat ëmmer méi rar gëtt: Zäit, Rou, Paus. Alles dat, wat d'Liewen dach verséisse kann.
Schued, wa mer déi Zäit da just nach um Enn vum Joer fannen, well dann d'ganz Welt op Kommando quasi eng Grëtz méi lues dréint. Manner Stress moies op de Stroossen fir op d'Schaff. Manner Stress op der Schaff wéinst manner Telefonsappellen a Mailen. Manner Stress mat Maile wéinst méi Congéen.
Et kann een also mol richteg duerchootmen. Wien allerdéngs domadder näischt um Hutt huet, besonnesch mat der Rou an der Zäit an der Paus, dee fënnt och an der Chrëschtvakanz Tempo a Stress an Onrou. Wien déi Deeg nach lescht Kommissiounen ze maachen hat, dee weess bestëmmt, vu wat ech schwätzen.
Ech erlabe mer, Iech dann haut, no der Chrëschtvakanz, einfach e besënnlechen Dag ze wënschen.