AUDIO: Apropos

All Dezember schreiwen ech mer esou e Joerscredo, fir d’nächst Joer keng falsch Decisiounen ze huelen, mech – wa méiglech - richteg ze verhalen. Dass ech d’Feeler vun deem Joer virdru nit nach eemol man, jee – dass ech mäi Joer bewosst erliewen.
Am Ufank waren déi Credoe säitelaang. An der lescht nit méi. Mat der Zäit stellt ee fest, dass et a Wierklechkeet guer nit esou schwéier ass, dat Joer sënnvoll an anstänneg iwwert d’Bühn ze kréien. Haut weess ech, dass ech et weess. An dass ech et scho laang weess. Ech wousst et just nit, dass ech et wousst. Eigentlech scho vu Kand un.
T’ass esou zimlech dat hei:
Deel alles mat deenen aneren, sief fair, schlo keen,
lee alles dohinn zréck, wou’s d’et fonnt hues
Raum deng Saachen, wann’s d’eng Wull gemeet hues
Huel näischt, wat däint nit ass
Entschëlleg dech, wann’s d’engem wéi gedoen hues
Wäsch d’Fangere virum Iessen
Wann’s d’op d’Toilette waars, zéi Waasser
Léier eppes, an denk no. Awer nit nëmmen, ... sang och all Dag e bëssi a spill, mol an danz! A schaff och eppes!
Pass op, wann’s d’iwwer d’Strooss geess
Beuecht déi kleng Wonner em dech. Zum Beispill de Kär Som am Blummendëppen
An erënner dech un dat wichtegt Wuert, dat’s de geléiert hues, - vläicht esouguer dat allerwichtegst: KUCK, maach d’Aen op a KUCK!
Alles, wat ee wësse muss, ass do dran enthal. D’gëlle Regel, d’Léift, d’Grondsätz vun der Hygiène, d’Ecologie, d’Politik, d’Gläichberechtegung an dat normaalt vernünftegt Liewen. Einfach alles