Wat intresséiert eis? Wat beréiert eis? Wat reegt eis op? Dat sinn 3 Froen, déi wuel jidderee fir sech anescht beäntwert- och wann heiansdo Themen optauchen, déi dann sou eppes wéi eng Lawin ausléisen, d'Diskussioun ronderëm d'staatlech Déngschtautoen huet dat méi wéi bewisen. Mä och en anert Thema huet vill Leit net kal gelooss, Christiane Kremer.

Et geet ëm den tragesche Schi-Accident vum fréiere Formel 1 Weltmeeschter Michael Schumacher. Quasi d'ganz Welt war concernéiert, och wann de Personnage Schumacher ëmmer och polariséiert- déi eng sinn traureg, déi aner beréiert et net. Soen se- mä awer sinn se intresséiert. De Medierummel ass souwäit gaangen, datt Famill an Dokteren en Opruff gemaach hunn, e bëssche méi dezent mat der Situatioun ëmzegoen.

An de Medien ass et dann och méi roueg ginn, fir den Entourage ronderëm de Michael Schumacher ass dat wuel eng Erliichterung, hir Suerge sinn domadder awer net manner ginn.

Suergen, déi eis alleguer vun haut op muer kënnen direkt betreffen. Déi vill tragesch Accidenter aus de leschte Wochen an Deeg erféieren eis all Dag, dat héiert een ëmmer erëm an de Gespréicher vun de Leit. Vrun allem si mir ëmmer erliichtert, wann et kee Kënnegen ass. Et gëtt dacks de Kapp gerëselt iwwer d'Ursaache vun den Accidenter, et gëtt sech och gefrot, ob net méi fir d'Sécherheet muss gemaach ginn, Radaren opgeriicht a Kontrolle verduebelt ginn. Et gëtt no strenge Mesure gefrot a séier iwwer Schold an Onschold tranchéiert.

Alles dat sinn normal mënschlech Reaktiounen. Mä si mer domadder och ëmmer sensibel genuch fir d'mënschlech Schicksaler hannendrun? Bei deenen, déi mer net kennen an déi zu Schued kommen awer och bei deenen, déi de Schued ugeriicht hunn, onfräiwëlleg an onbewosst. Vläicht duerch en Ament vun Onopmierksamkeet. Wien, ausser de Concernéierten, weess dat schonn?

Vläicht ass dat grad de wichtege Message, dee mer aus engem prominente Fall, wéi deem vum Michael Schumacher, kënnen zéien. Mat de Froen, wéi et der Famill geet oder wéi de Verongléckten sech kann, wann iwwerhaapt, eemol erhuelen, gi mer eis den dramatesche Konsequenze vun Accidenter, egal wou a wéi se geschéien, sécher méi bewosst.

AUDIO: 14/01/2014 Apropos "D'Tragik vum Alldag"