Si mer all iwwerfuerdert?

Wéi ass et da mam Geliits, hu mer nach den Duerchbléck oder ass de Riddo schonn erof?
Also éierlech gesot, ech weess et net, ma ech kommen ëmmer méi an Zweiwel. Ech wor läschte Samschdeg an engem Restaurant an hu méi duerch Zoufall, während e puer Minutten d' Gespréich vun 2 Koppelen um Nopeschdësch opgefaang. Et ass ëm déi nei Kachemissioun op der Tëlee gaang, ëm de „Mastercook“. Wouriwwer soll een och soss an engem Restaurant schwätzen....?
Esouwäit ech eraushéieren hunn, huet d' Emissioun de Leit gefall a si woren duebel intresséiert, well ee Bekannten, oder esouguer een aus der Famill, wat jo hei zu Lëtzebuerg normal ass, an der Emissioun matgemaach huet. Dat wor och net de Problem, de Problem wor, datt d' Leit sech schwéier gedoen haten, fir d' Emissioun z'erwëschen, trotz all de Rediffusiounen trotz dem 2. RTL an dem Internet. Wéi dunn eng vun de Frae gesot huet: „Ech hat nach guer net matkritt, datt et en 2. RTL gëtt“, hunn ech gemengt ech wier vun alle gudde Geeschter verlooss an hu mech gefrot, wat mer dann hei am Haus an deene läschte Jore falsch gemaach hunn, andeems mer de Leit esou vill Méiglechkeete gebueden hunn, fir eis Programmer an Emissioune kënnen ze kucken.
Allez, zwaff elo net aus der Ausnam eng Regel ….an ower!
Si mer all ofgefëllt a saturéiert?
An engem klengen Artikel vu „Wissen ist Macht TV“ stoung ze liesen:
„Deeglech gi mer vun deene verschiddensten Impressiounen iwwerfall, déi mer ouni Hëllefsmëttel net verschafft kréien. Eist Gehir schafft do an enger Schnellprozedur, alles wat mer mat eise 5 Sënner kënnen ophuele gëtt a Sekonnebrochdeeler mat Bekanntem ofgeglach. Dëst Verfahren erlaabt eis iwwerhaapt mat där Hellewull un Informatiounen eens ze ginn, ma et verzerrt och, et filtert an et läscht dat, wat net bäi eis Erfahrungen an Iwwerzeegunge passt. Eist Bild vun de Saachen an de Leit ass also ëmmer onvollstänneg an heiansdo zimlech falsch gewéckelt. Mir sinn iwwerfuerdert!
Also, komm mir probéieren de Kontext ze gesinn, d'ganz Vir-Geschichten, d'Impressiounen net mat der Realitéit gläichzesetzen a scho fale vill Viruerteeler an de Koup wéi e Kaartenhaus.“
Gesinn an erkennen ass zweeërlee, genee esou wéi héieren a verstoen.